Litauer mat europäeschem Haftbefeel vu Lëtzebuerg un däitsch Police iwwerginn

Géint de Mann aus Litauen louchen an Däitschland direkt zwee verschidde Mandats d'arrêt wéinst schwéierem Déifstall am sechsstellege Beräich vir.
E Méindeg de Moien huet d'Police vu Lëtzebuerg op der Grenz zu Waasserbëlleg ee Mann un d'Bundespolizei Trier iwwerginn. Géint den 28 Joer ale Litauer louch en europäeschen Untersuchungs-Haftbefeel wéinst schwéierem Déifstall vir. Hie steet am Verdacht, mat enger weiderer Persoun am Januar bis Mäerz 2023 bei Nürnberg véier Autoe vun der Mark BMW X5 an X6 am Wäert vu méi wéi 160.000 Euro geklaut ze hunn.
Nieft dësem Untersuchungs-Haftbefeel louch och nach ee weidere Vollstreckungs-Haftbefeel beim Parquet vu Weiden in der Oberpfalz géint de Mann vir. Hei gouf hie wéinst Déifstall zu zwee Joer an dräi Méint Prisong verurteelt, gouf do awer no e puer Méint schonn zréck a säin Heemechtsland expulséiert a krut dobäi eng Spär bis 2031, fir nees an Däitschland kënnen anzereesen.
Mat der Iwwergab vun de Lëtzebuerger un déi däitsch Autoritéite wäert hien an Däitschland elo de Rescht vu senger Prisongsstrof ofsëtzen.