D'Fra vum Bhumibol Adulyadej war 70 Joer laang um Troun an ass elo mat 93 Joer gestuerwen.

Den Haff huet eng Trauerzäit vun engem Joer ausgeruff.

D'Sirikit war immens beléift bei hirem Vollek. Hire Gebuertsdag ass all Joer als Feier- a Mammendag zelebréiert ginn. 
Zanter 2019 sëtzt hire Fils um thailänneschen Troun.

D’Kinnigin Sirikit Kitiyakara, gebuer den 12. August 1932 zu Bangkok, war d’Fra vum spéidere Kinnek Bhumibol Adulyadej (Rama IX), deen Thailand vu 1946 bis 2016 regéiert huet. Si war eng vun de bekanntste a beléiftste Perséinlechkeeten am Land, net nëmmen als Kinnigin, mee och als Symbol fir Kultur, Traditioun a sozial Engagement.
D'Sirikit huet hire spéidere Mann an der Schwäiz kennegeléiert, wou hie studéiert huet. Si hu sech 1950 bestuet, kuerz viru senger Kréinung.

RTL

Foto aus dem Joer 1955. de fréiere Kinnek Bhumibol Adulyadej an déi fréier Kinnigin Sirikit Kitiyakara. / © AFP

Als Kinnigin huet si sech staark fir d’Entwécklung vum Land agesat – virun allem fir d’Liewe vun de Leit um Land ze verbesseren. Si huet Handwierk, Textilproduktioun an traditionell Konscht gefërdert, fir datt d’Duerfleit en Akommes kréien an d’thailännesch Kultur erhale bleift. Duerch hiert Engagement ass si an Thailand och als "Mamm vun der Natioun" bekannt.

Nom Doud vum Kinnek Bhumibol am Joer 2016 hat si sech aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn. De 24. Oktober 2025 ass si zu Bangkok am King Chulalongkorn Memorial Hospital am Alter vun 93 Joer gestuerwen.