Als éischten australesche Bundesstaat huet Victoria e Staatsvertrag mat den Nokomme vun den australeschen Ur-Awunner ofgeschloss.

Ënner Jubel an Applaus huet d’Parlament zu Melbourne en Donneschdeg den Owend dat historescht Ofkommes ugeholl. Vill Zuschauer am Parlamentssall sinn an Tréine ausgebrach.

De Staatsvertrag gesäit d’Grënnung vun enger gewielter Vertriedung vun den Aborigines vir, sou wéi eng speziell Kommissioun, déi Ongerechtegkeeten an Diskriminéierung aus der Vergaangenheet ënnersiche soll. E Berodungsgremium soll zousätzlech dobäi hëllefen, déi nach ëmmer existent Ongläichheeten am Gesondheetsberäich z'iwwerwannen.