Ronn 700 Doudeger bei Onrouen no Walen
 
                    © AFP
Wéi d'Oppositioun vum Land matdeelt, sinn zanter de Presidentschafts- a Parlamentswalen bei Onrouen op d'mannst 700 Leit ëmbruecht ginn.
Eleng zu Daressalam, wou d'Regierung hire Siège huet, solle ronn 350 Doudeger gezielt gi sinn, heescht et e Freideg vun der gréisster Oppositiounspartei Chadema. An der Stad Mwanza soll et iwwer 200 Doudeger ginn hunn, zesumme mat Donnéeë vun anere Plazen ergëtt sech deemno eng Gesamtzuel vun "ongeféier 700 Doudegen".
Den UN-Mënscherechtsbüro huet sech alarméiert gewisen iwwer déi "Doudeg a Blesséiert", déi et ronderëm d'Walen am ostafrikanesche Land ginn huet. De Spriecher vum Büro huet un déi tansanesch Autoritéiten appelléiert, op "onnéidegen an onverhältnesméissegen" Asaz vu Gewalt ze verzichten a sech ëm Deseskalatioun ze beméien. D'Géigner vun der Regierung goufen dozou opgeruff, "friddlech" ze demonstréieren.
Virun de Walen e Mëttwoch war d'Chadema ausgeschloss ginn. D'Partei hat doropshin d'Bevëlkerung dozou opgeruff, dës ze boykottéieren. D'Resultater goufe bis ewell net matgedeelt.
Déi aktuell tansanesch Presidentin Samia Suluhu Hassan war nom Doud vum fréiere President John Magufuli 2021 un d'Muecht komm a wollt mat dëse Walen hir Positioun festegen. De Chadema-Parteichef Tundu Lissu war am Abrëll festgeholl ginn. Aktuell steet hie wéinst dem Virworf vu Landesverrot viru Geriicht a riskéiert och d'Doudesstrof.
Um Dag vun de Wale koum et an der Haaptstad Daressalam zu schwéieren Ausschreidungen, bei deene Plakater vun der Presidentin Hassan erofgerappt goufen. Och e Policebüro gouf attackéiert an a Brand gestach.
 
                     
                     
                     
                    