Kuerz no 8 Auer e Freideg soll et um Terrain vun enger Tankstell am nordrhein-westfälesche Castrop-Rauxel zu enger Explosioun komm sinn.

Éischten Informatiounen no soll en Tankwon explodéiert sinn. E puer Persounen hätten e Geräisch vun enger Detonatioun gemellt, sou de Porte-parole vun der lokaler Police. Kuerz drop wier eng riseg Dampwollek ze gesi gewiescht. D'Feier soll op d'Tankstell an eng Garage iwwergegraff hunn.

De Moment sinn d'Pompjeeën do am Asaz. Wat genee geschitt ass, ass nach onkloer. Den Alarm wéinst dem Brand gouf géint 8.18 Auer ausgeléist.

Un d'Awunner an der Ëmgéigend ass et den Appell, hir Dieren a Fënsteren zouzeloossen. Well den Damp och iwwer eng Autobunn zitt, riicht sech den Appell och un d' Automobilisten.

Wéi et heescht, sollen zwou Persoune liicht verwonnt gi sinn. Dëst gouf nach net vun offizieller Säit confirméiert.