Eelef Leit zu liewenslaangem Prisong verurteelt
 
                    © AFP
78 Leit sinn am Januar bei engem Brand an engem Schihotel an der Tierkei ëm d'Liewe komm. Eelef Leit goufen elo zu liewenslaange Prisongsstrofe verurteelt.
Néng Méint no der Brandkatastroph am tierkesche Schigebitt Kartalkaya goufen eelef Leit zu liewenslaangem Prisong verurteelt. Dat huet e Geriicht zu Bolu am Norde vum Land e Freideg matgedeelt. Ënnert de Verurteelte sinn de Besëtzer an den Direkter vum Hotel, souwéi weider Responsabel vum Hotel. Hinne gi Verstéiss géint Sécherheetsvirschrëfte reprochéiert, wéi tierkesch Medie mellen.
Donieft goufen och e Vize-Buergermeeschter vu Bolu an de Chef vun de lokale Pompjeeën zu liewenslaange Prisongsstrofe verurteelt. Am Ganze stoungen 32 Leit wéinst dem Brand viru Geriicht, 20 vun hinne waren an Untersuchungshaft.
Beim Feier matten an der Nuecht am Hotel "Grand Kartal" waren am Januar 78 Leit ëm d'Liewe komm, dorënner 36 Kanner. D'Ongléck war wärend der Wantervakanz geschitt, wéi vill Familljen do an der Schivakanz waren. 137 Leit goufe beim Brand blesséiert.
Bei den Ermëttlunge stounge virun allem Feeler vun der Hotel-Direktioun, de Rettungsekippen an den Autoritéiten am Mëttelpunkt. Deemno gouf et am Hotel keng Feieralarmen déi funktionéiert hunn, an e puer Gasanlagen hätten net de Virschrëften entsprach.
"Mir hate reegelméisseg Inspektiounen", huet de Besëtzer vum Hotel Halit Ergül sech verdeedegt, iwwerdeems hien dem Gasliwwerant d'Schold um d'Ongléck ginn huet. "Ech hunn nach net emol Freedefeier bei Hochzäite virum Hotel erlaabt, fir ze verhënneren, datt Villercher stierwen", sot den Ergül der Noriichtenagence DHA no virum Riichter.
D'Familljemembere vun den Affer hunn der Direktioun vum Hotel reprochéiert, d'Gäscht net alarméiert ze hunn. "Si hu séier gemaach, fir hir Autoen ze retten, wärend eis Familljememberen am Damp erstéckt sinn", stoung an enger Erklärung vun den Hannerbliwwenen aus dem Summer. Bei enger Inspektioun e puer Woche virum Ongléck wier ausserdeem dorop higewise ginn, datt Brandschutzmesuren net konform wieren. De Management vum "Grand Kartal" hätt dat awer mat der Begrënnung ignoréiert, "datt d'Mesuren ze deier wieren".
 
                     
                     
                     
                    