Paräisser Katakombe bleiwe vun e Méindeg un en halleft Joer zou
© AFP/Archiv/Dimitar DILKOFF
Déi ënnerierdesch Stollen ënnert der franséischer Haaptstad solle moderniséiert ginn, ënnert anerem mat enger besser Lëftung a méi Luucht.
D'Katakomben zielen zu de bekanntsten Touristenattraktiounen zu Paräis. Iwwer Joerhonnerten - vum Mëttelalter bis bei d'Franséisch Revolutioun - goufen hei d'Schanke vu verschiddene Kierfechter vun der Stad gesammelt. D'Stolle sinn duerch den Ofbau vu Kalleksteen zanter dem 12. Joerhonnert entstanen.
D'Renovatiounsaarbechte solle 5,5 Milliounen Euro kaschten. Net nëmme soll d'Erliefnis fir déi ronn 600.000 Visiteure pro Joer verbessert ginn, ma och d'Konservéierung vun de stierflechen Iwwerreschter. D'Fiichtegkeet, déi sech an de Katakombe bilt an op d'Visiteuren drëpst, wier "schlecht fir den Erhalt vun de Schanken", sou d'Katakombe-Cheffin Isabelle Knafou. Et géife sech heiwéinst Bakterien op de Schanke sammelen.
Och den 800 Meter laange Visiteur-Pad soll nei ugeluecht ginn, ouni datt den "authenteschen" Esprit vun de Katakombe verluer geet. Och Graffiti soll op e puer Plaze fort gemaach ginn. Am Fréijoer 2026 soll déi ënnerierdesch Attraktioun dann nees hir Diere fir de Public opmaachen.