Täter wéinst Mord a sechs Fäll a versichtem Mord an 338 Fäll ugeklot

© AFP
Sechs Mënsche goufen op engem Chrëschtmaart zu Magdeburg am Dezember 2024 ëmbruecht. Lo kënnt den Täter wéinst Mord a versichtem Mord viru Geriicht.
De Parquet vun Naumburg huet de Mann, deen den 20. Dezember zejoert mam Auto an e Chrëschtmaart zu Magdeburg gerannt war, wéinst Mord a sechs Fäll a versichte Mord an 338 Fäll ugeklot. Wéi d'Autoritéit fir d'Ermëttlunge weider matdeelt, ginn dem Mann och nach geféierlech Kierperverletzung an Agrëff an de Stroosseverkéier reprochéiert.
De 50 Joer alen Dokter aus Saudi-Arabien war mat sengem Auto an eng Mass Leit um Chrëschtmaart zu Magdeburg gerannt. Motiv vun der Amokfaart wier den Ermëttler no Onzefriddenheet a Frustratioun iwwer de Verlaf an den Ausgang vun engem Zivilsträit. Och well eng Rei Plaintë vum Mann keen Erfolleg bruecht haten, wier hie frustréiert gewiescht. Zil vu senger Dot wier gewiescht, méiglechst vill Leit ëmzebréngen.
D'Ermëttler ginn dovun aus, datt hien Dot iwwer Wochen eleng geplangt hätt. Et gi 401 Zeien am Prozess a fënnef Experten. Elo muss d'Landgeriicht Magdeburg iwwer eng Zouloossung vun der Klo entscheeden.