No Attentat zu Magdeburg
Och Ermëttlungen zu Feeler vun der Police a Sécherheetskonzept

© AFP
Nom Attentat zu Magdeburg gëtt nieft der Enquête och no Feeler bei der Aarbecht vun der Police gesicht.
Dat gouf déi däitsch Presseagence DPA op Nofro hin aus dem Inneministère zu Magdeburg gewuer. Ënner anerem geet et ëm e Policewon, deen net do stoung, wou e sollt. Firwat dat esou war, muss elo erausfonnt ginn. Och d'Sécherheetskonzept vum Organisateur géif op de Leescht geholl ginn.
Et goufen iwwerdeems scho Plaintë vum Parquet géint d'Stad Magdeburg an d'Police vun do gemaach. Deemno kéinten déi Beräicher och Deel vun den Ermëttlunge vun der Police ginn.
Am meeschte gelies