D'Ukrain huet vun den USA eng nei Propos fir en Enn vum russeschen Ugrëffskrich kritt.

Wéi en héijen ukrainesche Vertrieder e Mëttwoch der Noriichtenagence AFP sot, gesäit de Plang vir, dass d'Ukrain d'Krim a weider vu Russland kontrolléiert Gebidder oftrëtt an och d'Arméi däitlech verklengert. Géing d'Ukrain beim Verzicht op Gebidder nach méi wäit goen, dat wier den US-President dem Noriichtesite "Axios" no zu Sécherheetsgarantië fir Europa bereet.

AFP-Informatiounen no ass am US-Plang vun der "Unerkennung vun der Krim an anere vu Russland besate Gebidder" rieds. Donieft doll Kiew seng Arméi op 400.000 Zaldote verklengeren. De Plang gesäit ausserdeem vir, datt d'Ukrain all seng Laangstreckewaffen ofgëtt.

De Plang schéngt domadder déi russesch Maximalfuerderungen ze enthalen. Kiew hat ëmmer nees drop verwisen, datt d'Fuerderunge vu Moskau a puncto Verzicht op Gebidder inakzeptabel wieren an enger Kapitulatioun gläich géinge kommen.

Den Noriichtesite "Axios" mellt donieft ënner Beruffung op US-Beamten, datt den US-President Trump zu US-Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain an Europa géint zukünfteg russesch Aggressioune bereet wier. Viraussetzung wier allerdéngs, datt Russland och Deeler vun der Ostukrain kritt, déi ee bis ewell net kontrolléiere géing. Axios an aner US-Medien haten am Virfeld vu Geheimgespréicher tëscht Moskau a Washington an engem 28-Punkte-Plang fir Fridden an der Ukrain bericht.

Den ukrainesche Vertrieder huet Zweiwel um Plang ugedeit: Et wier "onkloer", wat Russland am Géigenzuch fir d'Zougeständnisser bereet wier ze maachen. Donieft wéisst d'Regierung zu Kiew och net, op d'Propos wierklech vum Trump kéim oder vu sengem Ëmfeld.

D'Wäisst Haus huet sech bis ewell net zum Plang geäussert. Och de Kreml-Chef Dmitri Peskow wollt sech net äusseren.

Déi russesch Arméi kontrolléiert den Ament ee Fënneftel vum ukraineschen Territoire. Moskau hat déi ukrainesch Schwaarzmierhallefinsel Krim schonn 2014 annektéiert. Am September 2022 hat Russland Donezk a Luhansk wéi och d'Regiounen Cherson a Saporischschja fir annektéiert erkläert. Grousse Deeler vun dëse Regioune gi vu Russland kontrolléiert.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet sech e Mëttwoch fir Gespréicher an der Tierkei opgehalen. Vertrieder vu Russland oder den USA ware beim Treffen tëscht Selenskyj an dem tierkesche Staatschef Recep Tayyip Erdogan net dobäi. Den Erdogan huet sech iwwerdeems fir e Retour op de Verhandlungsdësch ausgeschwat.

Am Presidentschaftswalkampf hat den US-President Trump behaapt, hie kéint de Krich an der Ukrain "bannent 24 Stonnen" op en Enn bréngen. Zanterhier war bis ewell keng vu sengen Initiativen erfollegräich. Kritiker reprochéieren dem 79 Joer ale Politiker eng Zickzack-Linn tëscht Moskau a Kiew.