Festnamen am Kader vu "Luxtrust"-Bedruch
© Image by kegfire on Envato
D'Affer huet ufanks op eng Phishing-Mail reagéiert, déi e Montant u Geld an Aussiicht stelle sollt.
Den Dag drop du krut d'Affer vun engem presuméierte "Luxtrust"-Mataarbechter ugeruff, deen d'Persoun op de Bedruch opmierksam gemaach huet a matgedeelt huet, d'Bankinformatiounen, sou wéi d'Date vu Luxtrust ze brauchen, fir dës ze ersetzen. Kuerz drop ass dunn eng Persoun bei der Wunneng vum Affer opgedaucht, fir d'Bankkaarte vum Affer sichen ze kommen.
Am Kader vun den Ermëttlunge konnten zwee presuméiert Täter gestallt ginn. Beim Duerchsiche vun de Persoune konnt bei engem Verdächtegen ënnert anerem eng gréisser Zomm Geld, sou wéi d'Bankkaarte vum Affer séchergestallt ginn. Bei enger spéiderer Haus-Perquisitioun goufen du weider gréisser Zomme Geld fonnt. Op Uerder vum Parquet goufe béid Verdächteger festgeholl a koumen e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.