Neie "Guide de survie" fir Katastrophe-Fäll
© Valery Hache / AFP
Sechs Liter Waasser pro Persoun an e Batterie-Radio: Déi franséisch Regierung huet en neie Guide fir richtegt Verhale bei Krisen a Katastrophe publizéiert.
"Mir mussen eis preparéieren, fir am Fall vu Krisen normal weiderliewen ze kënnen", heescht et am Virwuert, dat Konsequenze vum Klimawandel wéi Iwwerschwemmungen, d'Kricher an der Ukrain an am Noen Osten an Handelskonflikter opzielt.
"Aus dëse Problemer kënne Krise ginn", heescht et am Guide iwwer 30 Säiten, dee sëllege konkreet Zenarie beschreift, dorënner atomar Accidenter, Cyberattacken an Attentater. Zil vum Guide mam Titel "Tous responsables" wier et, d'Bevëlkerung ze stäerken, eng Resilienz opzebauen an datt d'Leit a Katastrophefäll net a Panik gerode sollen.
Generalstabschef warnt fir méiglechem Krich
Kuerz virun der Publikatioun vun der Broschür hat de Generalstabschef Fabien Mandon mat dramatesche Wierder Frankräich virun engem méigleche Krich gewarnt an domat hefteg Kritik ausgeléist. "Wann eist Land schwankt, well et net bereet ass, seng Kanner ze verléieren, da si mir a Gefor", sot de Mandon op enger Konferenz vu franséische Buergermeeschteren.
"Mir hunn eist Wëssen an déi wirtschaftlech an demografesch Stäerkt, fir de Moskauer Regime ofzeschrecken", sou de Mandon weider. "Wat eis feelt, ass déi geeschteg Stäerkt, Leed z'akzeptéieren, fir ze schützen, wie mir sinn", sot hien un d'Buergermeeschteren adresséiert an huet si opgefuerdert, an hire Gemengen doriwwer ze schwätzen.
Kritik un Aussoe vu Mandon
De lénkspopulistesche Politiker Jean-Luc Mélenchon huet schockéiert reagéiert. "Et ass net seng Roll, d'Buergermeeschteren oder soss iergendeen zu der Virbereedung op kämpferesch Handlungen opzefuerderen, déi vu kengem decidéiert goufen", huet de Mélenchon op X geschriwwen.
"Sinn 51.000 Gedenkplaze fir déi Doudeg vun de Weltkricher an eise Gemengen net genuch?", huet de kommunistesche Parteichef Fabien Roussel gefrot. De lénkse Politiker François Ruffin huet an deem Kontext eng Ufro un de Verdeedegungsministère geschéckt, "ob de Contenu vun der Ried mat der Regierung oder dem Presidentebüro ofgestëmmt war".
Kritik koum och vun der rietser Oppositioun. D'Aussoe vum Mandon wiere "schockéierend", sot de konservative Buergermeeschter vun Nice Christian Estrosi. De rietspopulistesche Vize-Parteichef Sébastien Chenu huet erkläert, datt de Mandon "net berechtegt" wier, esou Warnungen auszeschwätzen.