De fréiere Vizepresident an Architekt vum Irak-Krich gëtt zu Washington begruewen. Déi ganz US-Elitt ass invitéiert. Ausser de President.

En Donneschdeg um 17 Auer eiser Zäit versammelt sech déi politesch Elitt vun den USA an der National Cathedral zu Washington, fir dem Dick Cheney déi lescht Éier z’erweisen. De fréiere Vizepresident ënnert dem George W. Bush war eng Schlësselfigur vun der aler republikanescher Gard.

Méi wéi 1.000 Leit kommen op de Staatsakt mat alle militäreschen Éieren. Déi fréier Presidente Bush a Biden si grad esou invitéiert, wéi d’Vizepresidenten Kamala Harris, Mike Pence, Al Gore an Dan Quayle, donieft Riichter vum Supreme Court a Regierungsmembere aus béide Parteien.

D’Lëscht mat de Gäscht liest sech wéi e Statement aus enger anerer Zäit, wéi Washington nach net esou gespléckt war a Politiker aus béide Lager sech géigesäiteg respektéiert hunn. Ausdrécklech net erwënscht um Cheney sengem Begriefnis wieren den Donald Trump a säi Vize JD Vance, mellt CNN ënner Beruffung op vertraulech Quellen.

Den Cheney hat den Trump e "Feigling" genannt an "déi gréisste Gefor fir eis Republik". Op der Trauerfeier wäert, nieft Familljememberen, och den George W. Bush eng Ried halen. En Zeeche vu Bäileed aus dem Wäissen Haus géing nach ëmmer ausstoen.