E Mëttwochmoien huet d'Lëtzebuerger Police en 19 Joer ale chileenesche Staatsbierger un d'Police vun Tréier iwwerstallt.

Wéi et vun der Bundespolizeiinspektion Tréier heescht, hat de Parquet vu München e Mandat d'arrêt fir eng Untersuchungshaft géint de Mann ausgestallt. Hien ass dréngend verdächteg, als Member vun enger krimineller Band a ganz Europa, ënner anerem a Süddäitschland, an Haiser a Wunnengen agebrach ze sinn. Dobäi hätt hien e Schued vun 30.000 Euro verursaacht.

No der Iwwergab um Grenziwwergang Waasserbëlleger Bréck koum de Mann an Däitschland virun den Untersuchungsriichter an duerno an déi noosten Anstalt fir jugendlech Stroftäter.