An den USA ass déi eelst Iwwerliewend vum rassistesch-motivéierte Massaker vun Tulsa, d'Viola Fletcher, am Alter vun 111 Joer gestuerwen.

D'Fletcher hätt "eent vun den donkelste Kapitel an der Geschicht vun der Stad" iwwerlieft, huet de Buergermeeschter vun Tulsa, de Monroe Nichols, am Bundesstaat Oklahoma en Dënschdeg gesot. D'Stad géing ëm déi 111 Joer al Fletcher traueren, déi "Wouerecht, Widderstandskraaft an Aarmut" a sech gedroen hätt.

D'Fletcher hätt dorun erënnert, wéi ee Wee d'Stad nom Massaker vun 1921 schonn zréckgeluecht hätt "a wéi ee Wee mir nach goe mussen", huet den Nichols betount.

Biller, déi ni vergiess wäerte ginn

D'Fletcher war e klengt Kand, wéi e wäisse Mob am Quartier Greenwood virun 104 Joer op d'mannst honnert Schwaarzer ëmbruecht hat. De Massaker, deen als ee vun de schlëmmsten an der US-Geschicht gëllt, hätt si all Dag vun hirem Liewe begleet, sot d'Fletcher an engem Interview, déi hire Liewensënnerhalt déi meescht Zäit als Haushälterin fir wäiss Famillje verdéngt huet.

"Ech gesinn ëmmer nach schwaarz Männer viru mir, déi erschoss ginn, d'Läiche vu Schwaarzen an de Stroossen. Ech gesinn ëmmer nach Geschäfter vu Schwaarze viru mir, déi néiergebrannt ginn. Ech héieren ëmmer nach d'Gejäiz", sot déi deemools 107 Joer al Tulsa-Iwwerliewend 2021 bei enger Auditioun virum US-Kongress. "Eist Land kann dës Geschicht vergiessen, mä ech kann et net. Ech wäert et net an aner Iwwerliewend an eis Nofollger och net", esou d'Fletcher weider.

Ausgangspunkt vum Massaker ware Reprochë géint de jonke Schwaarzen Dick Rowland. Hie soll sech an engem Lift un enger wäisser Fra vergaangen hunn. Den 31. Mee 1921 gouf de Rowland festgeholl. Virum Geriichtsgebai, an deem hie festgehale gouf, koum et doropshin zu Ausernanersetzungen tëscht arméierte Gruppe vu Schwaarzen a Wäissen. D'Afroamerikaner haten Angscht, datt de Rowland gelyncht kéint ginn.

Um Moie vum 1. Juni hat e wäisse Mob de Quartier Greenwood iwwerrannt, an deem vill Afroamerikaner gewunnt hunn an dee wéinst de ville Butteker als "Wall Street vun de Schwaarzen" bezeechent gouf. D'Ugräifer hu sëllege Schwaarzer erschoss, villes aus dem Quartier geklaut an iwwer 1.200 Haiser a Brand gesat, grad ewéi Kierchen, Schoulen an a Butteker. Wärend d'Autoritéiten d'Zuel vun den Doudegen op manner wéi 40 geschat hunn, ginn Historiker vun 100 bis 300 Doudegen aus.

Massaker ouni juristesch Suitten

2021 war d'Enquêtëkommissioun vum US-Kongress zum Schluss komm, datt vill vun de wäissen Ugräifer vun der Police mat Waffen ekipéiert gi waren a mat der Ënnerstëtzung vun de Sécherheetsleit beoptraagt gi waren. Vill gewielt Vertrieder vun der Stad, Polizisten, Riichter a Geschäftsleit hunn zum rassistesche Ku-Klux-Klan gehéiert.

Trotz den Ermëttlunge gouf ni iergendee wéinst dem Massaker verurteelt. D'Famillje vun den Affer hu keng Entschiedegung kritt. Den Joe Biden war 2021 deen éischten US-President, deen den Affer bei enger Mass offiziell geduecht huet.