Stroossebunn zu Düsseldorf entgleist an auserneegebrach
© AFP
Beim Accident war ee vun de Waggonen entgleist an doropshi mat deem Waggon hannendrun zesummegestouss.
Zu Düsseldorf goufen e Mëttwoch de Moien 13 Persoune blesséiert, nodeems eng Stroossebunn entgleist an accidentéiert ass. Wéi d'Police preziséiert huet, wier ee méi schwéier an 12 liicht blesséiert. D'Zuel vun de Blesséierte kéint awer nach änneren, well de Groussasaz vun de Rettungsekippen nach net ganz ofgeschloss ass.
Am Quartier Holthausen war an de fréie Moiesstonnen ee vun de Waggone vun der Linn U72 entgleist an da mat deem Waggon hannendru kollidéiert. Duerch den Zesummestouss ass d'Bunn dann auserneegebrach. E méigleche Grond fir d'Entgleise kéint no éischten Ermëttlungen no eng Feelstellung vun de Weiche gewiescht sinn.











