Zu Southall am Weste vu London stoung e grousst Lager a Flamen.

Ronn 150 Pompjeeën a 25 Gefierer si kuerz virun 9 Auer um Dënschdegmoien op der Plaz gewiescht. Et ass ee relativ séier dovun ausgaangen, dass am Gebai Freedefeier a Gasfläsche gelagert goufen.

Dräi Schoulen an e Wunnblock goufen aus evakuéiert, iwwer 100 Bewunner ginn an engem lokalen Zenter betreit.

Ronn dräi Véierel vum zweestäckege Gebai stinn a Brand, den Daach ass agefall. D’Ursaach vum Feier ass nach net bekannt. Blesséiert gouf keen, mee d’Awunner solle Fënsteren an Diere weider zouloosse wéinst dem staarken Damp.