Den US-President géif sech e perséinlecht Treffe mam Selenskyj a Putin wënschen, wa bei de Verhandlungen d'nächst Woch en éischten Accord fonnt kéint ginn.

Déi nächst Woch wäert mam Steve Witkoff en US-Delegéierten op Moskau reesen, fir do mam Wladimir Putin iwwert de Krich an der Ukrain ze verhandelen. Dat huet den Donald Trump en Dënschdeg de Reporter u Bord vun der Air Force One gesot. De Witkoff wäert sech zesumme mam Trump sengem Eedem a Beroder Jared Kushner op de Wee an déi russesch Haaptstad maachen. Dat geplangten Treffe gouf e Mëttwoch de Moien och vum Kreml confirméiert.

Zesumme mam Putin sollen deemno "eng Rei Sträitpunkten" beschwat ginn, déi aktuell nach den Ofschloss vun engem Friddensaccord hënnere géifen. Sou den US-President op der Plattform Truth Social. Parallel zu der Entrevue zu Moskau géing dann och den US-Verdeedegungssekretär Dan Driscoll mat den Ukrainer verhandelen. Den Trump hofft dann och, datt e sech an deem Kader mam Selenskyj, wéi och mam Putin treffe kéint, dat "awer nëmmen, wann een Accord fir en Enn vun dësem Krich fonnt gouf oder d'Schlussphas" vun de Verhandlungen erreecht wier. Sou den US-President weider.

E Sonndeg hate sech zu Genf d'Delegatioune vun den USA, der Ukrain an enger Rei europäescher Länner zesummefonnt, fir iwwert den 28-Punkte-Plang vun den USA ze diskutéieren, wouduerch et och zu enger Rei Modifikatioune komm ass. Ufanks war dëse Plang nach gréisstendeels am Interessi vun de Russen ausgeluecht.