E Samschdeg war de fréiere brasilianesche President aus dem Hausarrest an de Prisong verluecht ginn. Elo ass déi laang Prisongsstrof net méi ze ëmgoen.

Den Jair Bolsonaro muss seng Prisongsstrof vu 27 Joer untrieden. Dat Iewescht Geriicht vu Brasilien huet en Dënschdeg erkläert, datt hien all seng disponibel Rechtsmëttel opgebraucht hätt. De 70 Joer ale fréiere President war e Samschdeg wéinst enger "erhéichter Fluchtgefor" aus dem Hausarrest an de Prisong verluecht ginn, nodeems e seng elektronesch Foussfessel beschiedegt hat.

Virun e puer Deeg hat dat Iewescht Geriicht en éischten Appell géint dat ursprénglecht Urteel ofgewisen. Doropshin hunn d'Defenseuren op ee weideren Appell verzicht, sou datt d'Urteel vu 27 Joer Prisong elo rechtskräfteg ass. Wéi d'Geriicht decidéiert huet, bleift de Bolsonaro am Offizéiersraum, engem gesécherten Deel vum Prisong fir geschützt Gefaangener zu Brasília.

Ursprénglech hat d'Geriicht den ultrarietse fréiere President wéinst engem geplangte Renversement verurteelt. Hie war schëlleg gesprach ginn, eng "kriminell Organisatioun" ugefouert ze hunn, déi 2022 d'Waldefaite géint den aktuelle lénke President Luiz Incacio Lula da Silva kippe wollt.