Mamm muss liewenslaang an de Prisong
© AFP
Et war eng Nouvelle, déi 2022 schockéiert hat a ronderëm d'Welt gaangen ass. Zwou Kannerläiche waren op enger Stee a Wallissen entdeckt ginn.
Responsabel fir déi grujeleg Dot: déi eege Mamm vun de Kanner, déi deemools 8 a 6 Joer al waren. Am September schonn hat de Jury d'Mamm vun haut 45 Joer virum High Court zu Auckland fir schëlleg fonnt. E Riichter huet d'Fra elo verurteelt, zu 17 Joer Prisong ouni Aussiicht op eng fréizäiteg Entloossung. Si hat hir Kanner ëmbruecht an a Wallisse verstoppt.
An engem Lager waren 2022 déi zwou Wallissen dunn an eng Stee gelant. Eng Koppel hat den Zouschlag kritt an déi stierflech Iwwerreschter vum Meedchen a sengem klenge Brudder fonnt. Zu deem Zäitpunkt ware si scho méi wéi 4 Joer dout an déi ganzen Zäit an deene Wallissen an der Lagerhal.
D'Mamm aus Südkorea hat viru Geriicht zouginn, dass si hir Kanner mat Medikamenter gedéit an ëmbruecht hat, nodeems hire Mann gestuerwe war. No der Dot wier si nees an hir Heemecht geflunn. Si war no der schockéierender Decouverte a Südkorea festgeholl ginn a gouf un Neiséiland ausgeliwwert.
De Riichter hat am September, wéi d'Fra fir schëlleg befonnt gouf, eng weider psychiatresch Expertise gefuerdert, mat der Begrënnung, dass d'psychesch Gesondheet vun der Ugekloter en zentrale Facteur an dësem Fall wier. De Riichter huet betount, hir Kanner hätte misse stierwen, well d'Fra nom Kriibsdoud vun hirem Mann 2017 mat der "Verantwortung an der Belaaschtung, sech mussen ëm si ze këmmeren", net méi ëmgoe konnt. De Fall wier immens "tragesch". D'Fra hätt stänneg d'Erënnerung un hiert fréiert, glécklecht Liewen net méi erdroen, dat hir an hiren Ae grausam geholl gi wier.