Et wier een op engem kruziale Punkt ukomm, sou déi westlech Allianz, déi sech en Dënschdeg an enger Videokonferenz zesummegeschalt hat.

De Weekend hat et jo Gespréicher tëscht Kiew a Washington zu Genf ginn, fir jiddereen op de selwechte Wëssensstand ze bréngen.

Dat, wat mam sougenannten Trump-Friddensplang den Ament um Dësch läit, baséiert op Gespréicher tëscht Washington a Moskau. Et ass u sech e Resumé just vun deem, wat acceptabel fir de Kreml wier.

"Et ce que pour autant, c'est ce qui doit être accepté par les Ukrainiens et les Européens? La réponse est non, sinon il fallait rien faire dès février 2022, donc les Ukrainiens sont les seuls qui peuvent dire les concessions qu 'ils sont prêts à faire sur leur territoire et tout ce qui les concerne la langue, la constitution, etc. Les Européens sont les seuls qui ont à dire, parce que ça fait partie du plan, ce qu 'on fera avec les actifs russes gelés", esou de franséiche President emmanuel Macron.

Den Donald Trump verlaangt d’Hallschent vum an Europa agefruere russesche Geld fir Washington - dat wieren eng 100 Milliarden US-Dollar. Een Deel dovu géif fir de Neiopbau an der Ukrain gebraucht ginn. Mee d’Geld ass an Europa an ënnerläit kenger Decisioun vu Washington, wat domat ze maache wier. Bis ewell sinn och keng Sécherheetsgarantië ginn, fir d’Ukrain.

"La première chose qui protégera l'Ukraine, c'est sa propre armée. Et donc tout le débat qu 'il y a eu à Genève ces derniers jours, c'était de ne pas limiter les forces armées ukrainiennes. Parce que l 'obsession de la Russie, et c'était le cas dans les négociations qu 'il y avait à Istanbul au printemps 2022, c'est de dire vous devez avoir une armée qui ne dépasse pas 50.000 60.000 hommes", esou nach den Emmanuel Macron.

Eng Limitt um Kontingent vum ukrainesche Militär léisst d’Koalitioun awer net gëllen. Mat enger reduzéierter Zuel vun Zaldoten am Nopeschland vu Russland wier och déi europäesch Sécherheet op Dauer a Fro gestallt.