Bei der traditioneller "Dinde-Begnodegung" virun Thanksgiving huet den Donald Trump nees géint verschidde Membere vun der Demokratescher Partei ausgedeelt.

An Uspillung op d'Politiker a schaarf Trump-Kritiker Nancy Pelosi an Chuck Schumer sot hien, en hätt déi zwee Dinden am léifsten "Chuck an Nancy" gedeeft. "Mee dunn ass mir kloer ginn, datt ech si net begnodege wäert", sou den Trump ënner Gelaachs vum Public. "Ech géif déi zwee nimools begnodegen."

Den US-President huet an der Vergaangenheet ëmmer nees géint den Chuck Schumer an d'Nancy Pelosi ausgedeelt. Am Sträit ëm dem Trump seng Wonschkandidate fir verschidde Regierungsposten huet en de Schumer dozou opgeruff "an d'Häll ze goen".

D'Nancy Pelosi gouf vum Trump schonn als "verréckt Nancy" oder "Feind" bezeechent. Si gëllt als eng vun de schäerfste Géignerinne vum Trump. Wärend senger éischter Amtszäit 2020 hat si no senger Ried zur Lag vun der Natioun viru lafende Kamerae säin Textblat zerrappt. Déi fréier Spriecherin vum US-Representantenhaus hat uganks dëse Mount hire Réckzuch aus dësem annoncéiert.

Fir vill US-Amerikaner ass Thanksgiving de wichtegste Familljefeierdag an den USA. Zanter Joerzéngten ass et eng Traditioun, datt de President Dinden, déi fir Thanksgiving traditionell zoubereet ginn, "begnodegt" fir se symbolesch virum Doud ze retten.