Kéint et an den nächste Wochen zu engem Fridden an der Ukrain kommen?

Den amerikanesche President Trump ass emol relativ optimistesch: schonn d’nächst Woch soll den US-Delegéierte Witkoff mam russesche President Putin zu Moskau schwätzen, den US-amerikanesche Staatssekretär Driscoll mat der Ukrain. D’Spriecherin vum Wäissen Haus ass méi zeréckhalend, et géif e puer quokeleg Punkte ginn, déi awer net onméiglech wieren.

Verhandlungen ëm Friddensaccord - Anne Wolff live am RTL-Studio

US-Delegéierten Witkoff gëtt Russland Verhandlungstipps 
 
Ursprénglech haten d’USA en 28-Punkteplang op den Dësch geluecht, deen allerdéngs vun der Ukrain an den europäeschen Alliéierte staark kritiséiert gouf, well en ze "Russland-frëndlech" wier. Rout Linne waren d’Oftrieden vum Donbass u Russland, e russescht Vetorecht bei engem eventuellen Nato-Bäitrëtt vun der Ukrain an eng Limitt vun der Truppestäerkt vum ukrainesche Militär.

Hei kurséiert de Verdacht, dass deen urspréngleche Plang direkt aus dem Russeschen iwwersat gi wier. Déi amerikanesch Presse-Agence Bloomberg huet Protokoll vun engem Telefonsgespréich tëscht dem US-Delegéierte Witkoff an dem russeschen Putin-Beroder Uschakow publizéiert, bei deem de Witkoff direkt Tipps fir eng Verhandlung tëscht dem Putin an dem Trump ginn huet. 
Dat suergt fir massiv Kritik och aus de Reie vun de Republikaner, de Witkoff misst entlooss ginn. 
 
Wat läit elo um Dësch ? 

Den 28-Punkte-Plang gouf noverhandelt, lo wier ee bei engem 19 bis 20-Punkteplang, an deem elo näischt iwwert en Nato-Verbuet fir d’Ukrain a keng fixe Grenzverleef dra stéingen. D’Ukrain hat sech mam Plang prinzipiell d’accord erkläert, ma den ukrainesche President Selenski sot, et géif e puer kriddeleg Punkten, déi een nach mat Washington aushandele wëllt.

Dass Russland an der Nato-Fro e Vetorecht kréich, wëllen och déi europäesch Alliéiert net. D’kruzial Fro, wat mat de vu Russland eruewerten Territoire geschitt, ass weiderhin op. 
Et ass awer och net kloer, wéi Russland elo reagéiert, bis dato wollt d’Land un deem fir si däitlech méi favorabele Plang festhalen, den neie Plang hätt een offiziell nach net kritt.
 
Wat fuerderen d’Europäer? 

D’Europäer fuerderen fiabel Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain, rieds ass vun europäeschen Truppen an der Ukrain, souzesoen als 2. Defense-Linn.  D’EU-Ausseministeren hunn um Mëttwoch am spéide Moien an enger informeller Videokonferenz beroden.

D’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen huet um Mëttwoch nach emol betount, et misst weiderhin den Drock op Russland héich gehale ginn, bis et en durabele Fridde géif ginn. Et dierft och kee souveränen europäesche Staat eesäiteg opgedeelt ginn, well dat géif d’Dier opmaachen fir weider Kricher.