Een Dag nodeems en 58 Joer alen Dierwiechter am Saarland ëmbruecht gouf, sëtzt de presuméierten Täter an Untersuchungshaft.

Wéi d'Enquêteuren e Mëttwoch op enger Pressekonferenz zu Saarbrécken erkläert hunn, kritt hien ënner anerem Doutschlag reprochéiert. Hie soll e puer Mol mat engem Juegdmesser op den Dierwiechter agestach hunn, wéi dësen amgaange war, Saachen a senger Wunneng ze saiséieren.

De Mann ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen. Wéi et am Dossier vun der Enquête heescht, sollt d'Wunneng vum 42 Joer ale presuméierten Täter en Dënschdegmoien eidel gemaach a saiséiert ginn. Den Dierwiechter wier mat dräi Persoune vun der Gerance vum Appartementshaus op der Plaz gewiescht, wier awer schlussendlech eleng an d'Wunneng eragaangen.

Bannen an der Wunneng soll de Verdächtegen dann e puer Mol mat engem Juegdmesser op de Mann agestach hunn. Kuerz drop hätt hie sech dann nach op der Plaz vun der Dot ouni Widderstand festhuele gelooss.

Wéi et un den Enquêteuren heescht, hätt de Mann d'Dot dann och schonn zouginn. Et géif aktuell keng Unzeechen dofir, dass hie bei der Dot ënner Alkohol- oder Drogenafloss gestanen hätt. Et wier den Ament och nach onkloer, ob de Mann Jeeër ass.

Virbestrooft wier de Verdächtegen net, huet et e Mëttwoch vum Procureur Bernd Weidig geheescht. Hie wier der Police awer schonn an der Vergaangenheet opgefall. Zwou Enquête wéinst méigleche Menace sinn agestallt ginn. Iwwerdeems soll hien op d'mannst eng Kéier 5 Gramm Amphetamin kaf hunn. An deem Kontext soll hie sech och nach musse viru Geriicht musse veräntwerten.