Virun der Visitt vum Spezial-Beoptraagte Steve Witkoff a mat Bléck op en eventuelle Friddensplang schwätzt de Kreml vu ganz seriöe Verhandlungen.

De Prozess wier amgaangen an e wier eescht, sou de Kremlspriecher Dmitri Peskow.

De Kreml-Beroder Juri Uschakow schwätzt beim US-Plang vun deels positiven Aspekter. Op ville Plaze missten awer speziell Diskussioune mat Experte gefouert ginn, Hie kritiséiert iwwerdeems d'Beméiunge vun den Europäer, fir bei de Gespréicher dobäi ze sinn. D'Europäer géinge sech iwwerall amëschen, sou den Uschakow. Dat wier total onnéideg.

Och aus dem russeschen Ausseministère komme gemëschten Téin. Et géing een déi amerikanesch Ustrengungen, fir de Konflikt an der Ukrain op en Enn ze brénge begréissen. Gläichzäiteg ënnersträicht een awer, dass et keng Form vu Zougeständnesser un d'Ukrain wäert ginn. Vum Vize-Ausseminister Rjabkow huet et an deem Kontext op enger Pressekonferenz geheescht, dass ee weder dozou bereet wier, der Ukrain wieder entgéintzekommen, nach dozou, vun der eegener Approche fir d'Bewältegung vun den Aufgabe virun deenen ee stéing ofzeloossen.