Déi Gréng Claude Turmes an de Mamer Conseiller Jean-Paul Weydert bekloe sech bei der Commissioun, datt Ëmwelt-Etuden ze spéit gemat gi wieren.

Ëmwelt - dat heescht jo nawell gär Vullen a Waasser. Esou och zu Mamer, wou hätt, seet de Jean-Paul Weydert, virun all PAG-Vote missen iwwerpréift ginn, wat mat der Mamer a wat mat de Vullen ass. D'important bird area-Etude, déi wier ze spéit gemaach ginn. An och den Impakt op d'Baachen Mamer am erweiderten Äisch-Dall wier ze spéit gemat ginn. Déi europäesch Directiven wieren net respektéiert ginn. Am Impaktgesetz wier festgeschriwwen, datt d'Etuden dem Public musse presentéiert ginn, mee well keng Etuden existéieren konnt dem Public näischt gewise ginn. D'Pre-Etude gouf réischt no der Enquête publique duerchgefouert.
De Mamer Buergermeeschter Gilles Roth wëll de Ball flaach halen a keng nei Polemik ufänken. Et géif och ëm eng Etude vun 6.000 Euro goen, déi d'Gemeng gemaach hätt, fir erauszefannen, datt de PAG keng Inzidenz op d'Liewe vu 4 Vugelaarten huet.

Souguer bei den Zuelen ass ee sech net eens. Bei de PAG-Géigner geet vun 30 aktuelle Reklammatiounen eens, de Gilles Roth schwätzt vu 17. An dat alles läit also elo am Inneministère an duerno wahrscheinlech um Geriicht. A Bréissel ass wäit ewech.