Déi aktuell Finanzkris ass am Fréijoer 2007 mat der sougenannter Subprime-Kris an den USA ugaangen. Op eemol war se iwwerall ...

Méi prézis charakteriséiert dës Kris eng Rei vu weltwäite Verloschter a Failliten an der Finanzwelt. Déi goufen ausgeléist wéi d’Immobilie-Präisser an den USA amplaz erop, abeemol erofgaangen sinn. Parallel konnten eng Partie Leit, déi ee Kredit fir een Haus ze kafen geholl haten, hir Schold no enger sëllechen Hausse vun den Zënsen net méi zréckbezuelen. Dovunner betraff ware virun allem déi sougenannt Sub-prime-Krediter, dat heescht Krediter u Leit, déi net onbedéngt vill Suen an der Täsch hunn. Ee grousse Problem war, dass déi Subprime-Krediter iwwert verschidden Zorte Placementer am Kapital-Maart scho refinanzéiert gi waren. Déi Suen, déi d’Leit fir hirt Haus schëlleg waren, goufen als Wert-Pabeier verbréiwt a verkaf. Déi Pabeiern goufen du vu Fonge, Banken an Assurance kaf. Virun allem di sougenannt Hedge-Fongen, déi méi Risiko huelen, hu stark an déi Pabeieren investéiert. Mä och eng Partie Investmentbanke ware concernéiert. De Fait, dass Hedgefongen no der Krise zougemach goufen an d’Investmentbanken vill Sue verluer hunn, huet derzou gefouert, dass privat a statlech Autoritéiten manner oder guer net méi mat Risiko investéiert hunn. Anescht gesot: d’Kris vun de Suen, déi nach net do waren a scho nees verkaf goufen, war grouss. Dem Maart hu Sue gefeelt, well och d’Banken sech ënnerenee net méi wollte Prete maachen oder Preten un aner Banke verlängeren. Am Juni 2007 hunn 2 Hedgefongen vun der New Yorker Investmentbank Bear Stearns Problemer, well si a groussem Stil a Pabeieren engagéiert sinn, déi vun Immobilien ofhänken. Am Juli an August 2007 kréie Banken an Däischland wéint Spekulatiounen um US-Immobilienmaart Schwieregkeeten, wéi zum Beispill d’Mittelstandsbank IKB, d’SachsenLB, d’WestLB, an d’BayernLB. Um (éischten) Héichpunkt vum Ufank vun der Krise am August 2007 hunn d’Zentralbanken ëmmer nees versicht Liquiditéiten am dräistellege Millarde-beräich an de Geld-Maart ze pompelen, fir ze verhenneren, dass d’Subprime-Kris eng allgemeng Kredit-klemm oder Finanz-Krise ausléist. Elleng d’europäesch Zentralbank huet bannent Deeg iwwer 200 Milliarden Euro bereet gestallt. Am September 2007 hu Cliente vun der britescher Bank Northern Rock d’Guicheten gestiermt. D’Regierung zu London an d’Bank of England hunn d’Placementer garantéiert. Northern Rock gouf vum Staat iwwerholl. Ee grousst Finanzhaus nom aneren mëllt Ofschreiwungen fiwwert Milliarden a rieseg Perten. Déi amerikanesch Federal Reserve huet am November 2007 40 Milliarden Dollar zur Verfügung gestallt. Dat war hir gréissten Investitioun an de Geld-Maart zënter September 2001. Zu dem Zäitpunkt am November huet d’US-Investmentbank Merill Lynch 8,4 Milliarden Dollar missen ofschreiwen, gréisstendeels well Subprime-Krediter nei bewert gi waren. Déi Verloschter hunn derzou gefouert, dass de Chef vun der Entreprise Stanley O’Neal zréckgetrueden ass. An deem Mount huet och Citygroup Milliarden Dollar Verloschter an de Récktrëtt vum CEO Charles Prince ze mëllen. Den 22. Januar 2008 huet d’US-Noutebank am Zuch vun enger annoncéierter Rezessioun den Haapt-Zënssatz vu 4,25 % op 3,50 % erofzesetzen. Eng Woch drop ass et nach eng Baisse, déi Kéier op 3,00%. Am Februar 2008 gouf an den USA ee Gesetz iwwer 150 Milliarden Dollar gestëmmt, fir der Baisse vun der Konjonktur entgéint ze wierken. Am März 2008 huet dJP Morgan Case & Co mat Ënnerstetzung vun der Fed déi 5.-gréissten US-Investmentbank Bear Stearns opkaf. D’Noutebank huet de Risiko vu Perten bis eng Zomm vu 29 Milliarden Dollar, JP Morgan Chase & Co déi éischt Milliard Dollar Verloschter iwwerholl. Den internationalen Währungsfong huet am Abrëll 2008geschaat, dass sech d’Verloschter vun der ganzer Finanzkris op 945 Milliarden Dollar chiffréieren E weideren Héigpunkt huet d’Finanzkrise an den USA am Juli 2008 ereecht, wéi d’Indy Mac Bank Problemer krut. D’Onsécherheet huet derzou gefouert, dass bannent e puer Deeg méi wéi 1, 3 Milliarden Dollar opgehuewe goufen. Den Debakel rondrëm d’Indy Bank war den zweetgréisste Crash vun enger Bank an den USA. Am Juli sinn sech dernieft den US-Senat an de Kongress doriwwer eens ginn, fir d’Hypothéikebanken Fannie Mae a Freddie Mac am Noutfall mat Krediter oder eegenem Kapital z’ënnerstetzen. Dofir gëtt de maximale Niveau vun der Schold vum Stat ëm 800 Milliarden Dollar op 10, 6 Billiounen Dollar eropgesat. Am Gesetz, wat de President George W Bush den 30. Juli 2008 ënnerschreiwt, ass och eng verschärften staatlech Kontroll vun den Immobilienmäert virgesinn. Uganks September 2008 ass den internationalen Währungsfong vun ëm déi 1, 3 Billiounen Dollar Verloschter vun der ganzer Finanzkris ausgaangen. De 15. September 2008 ass ee schwaarze Méindeg: Déi 5.-gréisst Investmentbank Lehamnn Brothers huet Faillite gemaach. 600 Milliarden Dollar stinn op. De 16.September 2008 krut déi gréissten amerikanesch Assurance-gesellschaft AIG vun der Fed ee Kredit iwwer 85 Milliarden Dollar a gouf doriwweraus verstaatlecht. D’US-Regierung huet 79,9 % vu AIG-Undeeler kaf. Den 18. September 2008 hunn d’Zentralbanken sech weltwäit ofgeschwat fir méi wéi 180 Milliarden Dollar z’offréieren fir d’Spannungen um Marché erofzesetzen. Déi zweetgréissten US-Investmentbank Morgan Satnley huet Verhandlungen iwwert eng Fusioun mam US-Finanzkonzern Wachovia ugefang. De 19. September 2008 huet déi amerikanesch Securities and Exchange Commission grad wéi déi britesch Finanz-Kontrollkommissioun provisoresch verbueden, dass op d’Baisse vu Coursen ka gewett ginn, bis sech d’Mäert nees stabiliséiert hunn. Dernieft annoncéiert d’Regierung Bush ee Rettungs-Pak fir d’Finanzwelt. Domadder huet si ee Freedefeier un de Boursen ausgeléist. Den 20. September 2008 ass et offiziell. An den USA huet d’Regierung wëlles fir mat 700 Milliarden Dollar faul Krediter opzekafen. Den 22. September 2008 ass den 75 Joer ale Modell vun den onofhengegen US-Investmentbanke Geschicht. Déi zwee lescht Instituter Goldman Sachs a Morgan Stanley si gewéinlech Geschäftsbanken ginn. De 24. September 2008 gëtt de Rettungsplang vun der Regierung vun alle Seiten scharf kritiséiert. D’Demokraten kritiséieren, dass et kee „Plang B“ géif ginn, fir d’Republikaner ass de Plang souguer "on-amerikanesch". De Freideg 26.September 2008 ass déi gréisste Spuerkees an den USA Affer vun der Finanzkris ginn. Si gouf vun JP Morgan Chase iwwerholl. Déi gréisste Bank an Europa HSBC huet annoncéiert, dass si wéint der Finanzkris 1100 Plazen ofbaut. Lëtzebuerg ass nach net um Enn vun den Auswirkunge vun der weltwäiter Finanz-Kris ukomm, sou de Premier Jean-Claude Juncker um Briefing nom Regierungsrot. Eng éischt Warnung also. De Sonndeg 28. September 2008 sinn sech Demokraten a Republikaner am US-Kongress eens ginn iwwert de Rettungs-Pak. Bei der Ofstëmmung am Repräsentantenhaus de Méindeg 29. September 2008 gëtt de Kompromëss awer iwwerraschend refuséiert. Den Dow Jones huet net laang gewaart an ass scho während der Ofstëmmung - wéi sech e Rejet ofgezeechent huet - em 700 Punkte gefall, huet sech dono kuerz op 500 erkritt, fir dunn awer nees op minus 770 ze falen. Dat war e Rekordminus D'Finanzkris ass elo och definitiv zu Lëtzebuerg ukomm! Hirt éischt Affer: d'Fortis! An engem Communiqué, deen op den 28. September datéiert ass, heescht et, déi belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Regierungen an d'Kontrollautoritéiten aus dem Finanzsecteur hätten zesumme beschloss, wéi der Fortis ze hëllefe wier. - Déi belsch Regierung investéiert 4,7 Milliarden Euro an d'Fortis Banque NV/SA (Belgium) a kritt dofir eng Participatioun vu 49 Prozent vum Kapital vun dëser Entitéit. - Déi hollännesch Regierung investéiert 4 Milliarden Euro an d'Fortis Bank Nederland Holding a kritt eng Participatioun vu 49 Prozent dovun. - A Lëtzebuerg schliesslech investéiert 2,5 Milliarden Euro an d'Fortis Banque Luxembourg SA an zwar ënnert der Forme vun engem "emprunt obligatoirement convertible". Nieft anere Rechter kritt de Lëtzebuerger Stat no der Conversioun 49 Prozent vun der Fortis Banque Luxembourg. Ouni d'Hëllefs-Aktioun géif et elo keng Fortis-Lëtzebuerg méi ginn, sou de Premier Jean-Claude Juncker. A weider: D'Krise bei der Fortis ass an hirer Wichtegkeet mat der Krise vum Stol-Sekter an de 70 Joren ze vergläichen. An Däitschland huet d’Regierung der Hypo Real Estate grouss Kautiounen op Krediter accordéiert. Déi britesch Hypothéikebank Bradford & Bingley gëtt gréisstendeels verstaatlecht. Déi 2,7 Milliounen Clienten kréie mat Santander eng nei Hausbank. Well d'Dexia anscheinend och riskéiert hätt, faillitte ze goen, hu sech d'Regierungen an enger Marathon-Sëtzung vun e Méindegowend 22 Auer bis en Dënschdeg 29. September 2008 um 7 Auer zu Bréissel fir dee Rettungspak decidéiert. Mat der gemeinsamer Kapitalopstockung soll d'Dexia aus den Turbulenze kommen. D'Aktie vum Banken- an Assurance-Grupp hat de Méindeg bal 30 Prozent u Wäert verluer. Lëtzebuerg gëtt fir d'Kapitalerhéijung vum franséisch-belsche Grupp 376 Milliounen Euro, dat sot de Budgetsminister Luc Frieden am RTL-Interview. D'Belsch gëtt 3 Milliarden. De President vum Verwaltungsrot Pierre Richard an de President vum Direktiouns-Comité Axel Miller hunn hire Récktrëtt bekannt ginn. De Premier huet am RTL-Interview d'Cliente vu Fortis an Dexiaberouegt. No der massiver Finanzinterventioun vum Stat sollt een erëm Vertrauen hunn. No de spektakuläre Chuten e Méindeg hunn d'Boursen sech weltwäit nees berouegt. D’Indexen Euronext, Bel20, Cac40 an de Lux bloufen am grénge Beräich. An och d’Aktien vun der partiell verstaatlecher Fortis an der Dexia hunn et op der Lëtzebuerger Bourse nees an de Plus gepackt. D’Fortis ass stabel, d’Dexia ass ëm 6,7% geklommen. D’Bank Glitnir, déi drëttgréissten an Island, gëtt zu 75 Prozent verstatlecht; de Staat huet sech mat 600 Milliounen Euro akaft. D’Bank verséchert, datt all d’Depote garantéiert sinn. Glitnir huet eng Filial op der Kalchesbréck, wou 40 Leit schaffen. De Mëttwoch 1. Oktober 2008 annoncéiert de Kongress zu Washington, dass ee neien Ulaf soll geholl ginn, fir de 700 Milliarde Rettungsplang fir de Finanzsecteur duerchzesetzen. D'EU-Kommissioun wëll d’Banken opfuerderen, sech verstäerkt mat Eegenkapital géint Kreditkrisen ofzesëcheren. Fir Instituter, déi a méi Länner aktiv sinn, sollt dernieft eng europäesch Kontrollkommissioun an d’Liewe geruff ginn. Ee Milliardeschwéieren Rettungsplang fir d’Banken wéi den an den USA ass dogéint an der Europäescher Unioun viirleefeg nët geplangt. Den ekonomesche Wuesstëm an der Eurozone fällt d’nächst Joer méi schwaach aus, wéi am Ufank ugeholl gi war a wäert bei ronn 1% leien, sot de Premier Jean-Claude Juncker dem Radio Europe 1, dee spéider an der Chamber bei der Presentatioun vum Budget ënnerstrach huet, datt d’Leit keng Uersach hätten, hir Konte bei de betraffene Banken opzeléisen. Den Europäeschen Zentralbankchef Jean-Claude Trichet begréisst iwwerdeems d’Rettungsaktioun fir d’Fortis an Dexia. Déi franséisch Caisse d'épargne brauch bis Enn des Joers 6,5 Milliarden Euro, schreift de "Canard Enchainé" a berifft sech op en internt Dokument vun der Bank. D’Caisse d’épargne selwer huet awer all des Informatiounen zréckgewisen. Och an England ginn et weider Reperkussioune vun der Finanzkris. Déi britesch Noutebank pompelt weider Suen op de Marché. Den Donneschdeg 2. Oktober 2008 huet den US-Senat mat 74 Jo- a 25 Neen-Stëmmen de Rettungsplang fir d’amerikanesch Banke guttgeheescht. An enger éischter Réaktioun huet sech de Jean-Claude Juncker ganz erliichtert doriwwer gewisen. D’europäesch Zentralbank ass net op d’Fuederung vu Gewerkschaftler a Politiker agaang fir wéint der Finanzkris d'Zënsen erofzesetzen. Si bleiwe bei 4,25%. De franséiche President Nicolas Sarkozy huet Informatiounen zréckgewisen, no deene Frankräich wëlles hätt, een 300 Milliarden Hëllefsfong fir d’Banken op d’Been ze setzen. Däitschland hat sou ee Plang schonn direkt ofgeblockt. Den LSAP-President Alex Bodry wëll an enger dringender parlamentarescher Fro un de Staats- a Finanzminister Jean-Claude Juncker wëssen, wat hien an d’Regierung vun „gëllene Fallschirmen“ hält. Am Gespréich waren emol 4 Milliounen Euro fir de fréieren Dexia-Chef Axel Miller säi Verzicht dorop erklärt huet - a 5 Milliounen fir säin Homologue bei der Fortis. De Freideg 3. Oktober 2008 erklärt de franséiche Budgetsminister Eric Woerth, dass Frankräich an enger «technescher Rezessioun » ass. Dat nodeems de Premier François Fillon sech nach gedréckt hat, d’Wuert Rezessioun an de Mond ze huelen. D’EU-Kommissioun huet den däitsche Rettungsplang fir déi gréissten Investmentbank Hypo Real Estate accordéiert. Net nëmmen déi kleng Leit sollen ënnert der Finanzkris leiden. D’Europäesch Unioun plangt eng déifgräifend Reform vun de Paien fir d’Manager, déi sech bis ewell, och no enger Faillite nach gutt mat fatzegen „Prime de départ“ getréischt hunn. De Patron vun der Dexia, den Axel Miller, deen am Cadre vun der Finanzkris an dem Crash vun senger Bank säi Bureau huet musse raumen, verzicht Freides op seng milliounen-héich Entschiedegung. Wells Fargo soll déi Faillite Wachovia iwwerhuelen. Dës Offer kënnt ganz iwweraschend. Virdrun huet et geheescht, dass Citigroup déi faillite Wachovia soll iwwerhuelen. Déi hollännesch Regierung decidéiert, den hollänneschen Deel vun der Fortis ganz ze verstaatlechen. Lëtzebuerg an d'Belsch geroden domat op e Neits ënner Drock am Dossier vun dem ugezielten Banken- an Assurance-Grupp. Opotmen dann de Freidegowend eiser Zäit an den USA: D'Representantenhaus hëllt am zweeten Ulaf de Rettungsplang vu 700 Milliarden Dollar fir de Finanzsecteur un. Trotzdem bleiwen d'Märt nervös! Sonndeg, 5. Oktober 2008 D'Finanzkris dominéiert d'Aktualitéit nach ëmmer. - Zu Paräis gëtt op engem Sommet ënnert anerem decidéiert, keen Hëllefsfonds ze grënnen. - An Däischland gëtt en neie 50 Milliarden Euro schwéiere Rettungspak fir d'Hypo Real Estate ausgehandelt. - An déi franséisch Bank BNP Paribas gëtt Haaptactionnaire a Fortis Lëtzebuerg an a Fortis Belsch. Lëtzebuerg reduzéiert seng Participatioun u Fortis Lëtzebuerg vu 49 op 33 Prozent, de belsche Staat a Fortis Belsch vu 49 op 25 Prozent. Dofir ginn d'Regierungen Actionnaire vun BNP Paribas. Elo waart jiddereen drop, wéi d'Bourse reagéieren. À suivre also ... (Olivier Treinen)