De Molch ass virun allem dofir bekannt, datt en extrem resistent ass géint Kriibs an am Fall vun enger Verletzung déi beschiedegt Organer nowuesse kënnen.

Wéi déi National Autonom Universitéit vu Mexiko elo erausfonnt huet, kéint et dëst faszinant Déier awer scho ganz geschwënn net méi ginn. De Grond dofir ass, ewéi sou dacks, de Mënsch. An de 70er Jore goufen an de mexikanesche Flëss, an deenen den Axolotl lieft, dausende vu chinesesche Kaarpe fir d'Fëscherei ausgesat. An déi hunn de Molchen doropshin dunn natierlech d'Fudder ewech gefriess...

En anere Problem ass awer och, dass no enger aler Traditioun "Zaubertränk" aus den Déiercher gebraut gëtt a se aus deem Grond agefaange goufen. Doriwwer eraus ass den Axolotl mëttlerweil och an der Aquaristik ganz beléift, sou datt se ëmmer méi dacks och als Hausdéier verkaaft ginn.

Déi mexikanesch Universitéit huet awer elo an Zesummenaarbecht mat der Universitéit vu Kent e Projet lancéiert, duerch deen de Molch nach virum Ausstierwe soll gerett ginn. Dobäi gëtt den Ambystoma mexicanum, wéi den Axolotl mam wëssenschaftlechen Numm heescht, am Verbond mat lokale Baueren geziicht an dann nees ausgesat.

Vum Axolotl erhofft sech d'Fuerschung an Zukunft nach vill Erkenntnisser iwwert de Virgang vun der Reproduktioun vun Organer. Och de Fait, dass d'Molchen relativ resistent si géint all Zorte vu Kriibs, maachen d'Studéiere vun hirem Metabolismus esou interessant. Et bleift also ze hoffen, dass den Axolotl net fir ze Gutts vun der Äerd verschwënnt an de Programm fir d'Rettung seng Friichte wäert droen.