USA entdecken déidleche Virus, dee vun Zecken iwwerdroe gëtt

© AFP
E 50 Joer ale Mann aus Kansas ass un enger Krankheet gestuerwen an d'Doktere konnten him net hëllefen. Hie war um neie Bourbon-Virus erkrankt.
De Mann ass wuel bis elo dat éischte bekannten Affer vun dëser Krankheet, dowéinst gouf se och no der Regioun benannt, wou de Mann am Kansas gelieft huet. D'CDC, Centers for Disease Control and Prevention, huet entdeckt, datt dëse Virus, dee Wuel vun Zecken oder Mécken iwwerdroe ka ginn, zu der Famill vun den Thogotovire gehéiert.
Bis zum Doud um Mann war nach kee Mënsch, souwäit et bekannt ass, un engem Virus aus dëser Famill gestuerwen. Och gouf et an den USA eréischt 7 Persounen, déi sech mat Thogotovirus infizéiert hunn. De Stamm vum Virus ass awer net nëmmen an den USA bekannt, mä et gëtt en op der ganzer Welt.
E gudden Insekteschutz, e laange Pullover an eng laang Box kënnen awer virun dësem Virus schützen. Se halen d'Zecken nämlech erfollegräich vum Kierper of. Och wann dëse Virus bis elo nach onbekannt war, ginn Experten an Europa och dovunner aus, datt eng Zeck e geféierlecht Déier ka sinn, well si nach aner Erreger, wéi dee fir d'Hirnhautentzündung, kënnen iwwerdroen. An Däitschland gouf d'Zeck 2012 zum geféierlechsten Déier am Land ernannt.
Aktuell gëtt et nach keng Impfung oder e Mëttel géint de Bourbon-Virus. Och hëllefen Antibiotika näischt, well dech just géint bakteriell Krankheeten agesat kënne ginn. D'Doktere kënnen awer déi eenzel Symptomer, wéi Kappwéi, Féiwer, Middegkeet an Iwwelzegkeet erfollegräich bekämpfen.