Bis 2030 kéint z.B. an Irland all Erwuessenen iwwergewiichteg sinn. Holland ass an Europa déi eenzeg Ausnahm. Hei ginn d'Leit méi schlank.

D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO warnt virun enger Kris vum Iwwergewiicht an Europa. 2030 sollen an Europa vill méi Leit mat vill ze vill Kiloe geplot sinn, wéi bis ewell. Besonnesch d'Iren wäre vun der Situatioun betraff. Bis 2030 sollen an Irland bal all déi Erwuessen iwwergewiichteg sinn.

Den Trend vu méi Kiloe verschount kaum en europäescht Land, seet d'WHO. Just Holland mécht d'Ausnahm, hei ginn d'Leit méi schlank.

D'Iwwergewiicht an d'Obesitéit wäerten d'Leit an d'Länner virun enorm Erausfuerderunge stellen, seet d'Weltgesondheetsorganisatioun. Et sinn zu engem Deel déi grouss gesondheetlech Problemer an dann awer och d'Diskriminéierung, mat där vill iwwergewiichteg Leit geplot sinn.