Ramadi ass d'Haaptstad vun der Provënz Anbar am Weste vum Irak. Um Donneschdeg hat den IS mat enger neier Offensiv op déi Stad ugefaangen.

An der irakescher Stad Ramadi huet d'Dschihadistenorganisatioun Islamesche Staat den Haaptsiège vun der Regierung eruewert.

No Informatioune vun der Police huet den IS e Freideg de Mëtteg d'Kontroll iwwert d'Regierungsgebai iwwerholl an e schwaarze Fändel um Gebai opgehaangen.

RTL

D'Miliz soll bal an allen Deeler vun der Haaptstad vun der Provënz Anbar Här a Meeschter sinn.