Cannabis ass d'Drog Nummer 1 an Europa

© AFP
Cannabis bleift mat Ofstand déi Drog an Europa déi am meeschte consomméiert gëtt, dat geet aus dem 20. Europäeschen Drogerapport ervir.
Dëse Rapport gouf um Donneschdeg zu Lissabon presentéiert. 23,3% vun allen erwuessenen Europäer huet an hirem Liewen schonn op mannst eemol en Joint gefëmmt. 80% vun alle saiséierte Drogen ware Cannabisproduiten a 60% vun allen Drogendelikter an Europa ginn op de Kont vu Cannabis zeréck. Am Rapport steet och, datt den Internet oder Appen ëmmer méi als virtuelle Drogemaart genotzt gëtt. An engems huet sech och d'Preventiounsoffer um Internet verbreet.
An deem Sënn geet och d'Zuel vun de Clienten erop, déi eng Therapie maachen. An de leschte 7 Joer vu 45.000 op 61.000. All Drëtten ass fräiwëlleg komm. Déi aner goufe vu Justiz an aneren Autoritéite geschéckt.
Genee Chiffren iwwert de Konsum zu Lëtzebuerg fënnt een am Rapport iwwregens keng.