Am Kader vun der Presidence huet de Gesondheetsministère eng Rei Konferenzen organiséiert, déi wichteg Akteuren aus dem Gesondheetsberäich zesummebréngt.

De ganzen Dag gëtt iwwer d'"médecine personnalisée" geschwat, bei där virun allem de Patient am Zentrum vum Debat steet. D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch definéiert dës Initiativ och nach als "médecine sur mesure".

AUDIO: Extrait Lydia Mutsch

Den Traitement soll méi perséinlech sinn an och un d'Bedürfnisser vun de Leit kënnen ugepasst ginn. Esou soll den Dokter och net nëmmen déi beschten Diagnose stellen, mä och dono de beschten Traitement ubidden. Negativ Effekter solle méi kleng gehalen an esou d'Liewensqualitéit vun de Leit nees gehuewe ginn, sou déi lëtzebuergesch Gesondheetsministesch.

Dës nei Initiative bréngt natierlech eng ganz Rei Froe mat sech, déi sech fir déi 28 EU-Memberstate stellen. D'Conclusioune vun de Konferenze sollen dann den 8. Dezember während dem Sommet vun den 28 Gesondheetsministeren ugeholl ginn.

AUDIO: Médecine personnalisée: Reportage Claudia Kollwelter