Knascht am Mier
Bis 2050 méi Plastik wéi Fësch an den Ozeaner

© AFP
Et ass eng Etude déi engem misst ze denke ginn. Bis 2050 kéint méi Plastiksknascht wéi Fësch am Mier sinn
Zu där Konklusioun kënnt eng Etude vun der Ellen-MacArthur-Stëftung, déi e Mëttwoch zu Davos presentéiert gouf. Wann net géigegesteiert gëtt, landen bis 2050 véier Camionsluedungen Plastik pro Minutt am Mier. De Gros dovunner ass Verpackungsmaterial.
Fir déi Responsabel vun der Etude bedeit dat, datt sech eise Gebrauch vu Plastik drastesch ännere muss, respektiv méi recycléiert misst ginn.
Am meeschte gelies