Am US-Bundesstaat Kalifornien gëtt de Mindestalter fir Zigaretten dierfen ze kafen op 21 Joer gehuewen.

Aktuell muss ee minimum 18 Joer hunn. De Gesetzprojet gouf vum Parlament a vum Senat ugeholl. Och gëtt déi elektronesch Zigaretten mat der traditioneller Zigarette gläichgestallt.

De Gesetztext muss elo bannent 12 Deeg vum Gouverneur ratifizéiert ginn. Den Auteur vum Gesetz, de Senateur Ed Hernandez sot, dass den Tubakkonsum nach ëmmer déi gréissten Doudesursaach an den USA ass mat 480.000 Doudegen d'Joer, dorënner 40.000 duerch passiv fëmmen.