Wahrscheinlech éischten Doudesfall duerch den Zika-Virus

© AFP
Den Zika-Virus, deen a Latäinamerika scho méi laang am Ëmlaf ass, huet elo wahrscheinlech en éischt Doudesaffer gefuerdert.
Wéi de Gesondheetsministère e Freideg matgedeelt huet, ass e Mënsch um Guillain-Barré-Syndrom gestuerwen, dee mat grousser Wahrscheinlechkeet vum Zika-Virus ausgeléist gëtt. Ob et sech beim Affer ëm eng Fra oder e Mann handelt, gouf net matgedeelt. D'Syndrom gouf zu Honduras mëttlerweil bei insgesamt 57 Mënschen festgestallt.
Deen ënnert anerem vun der Ägyptescher Tigerméck iwwerdroenen Zika-Virus ass scho méi laang an e puer Staate vu Latäinamerika am Ëmlaf. Besonnesch betraff ass Brasilien.
De Virus soll bei Schwangeren Mikrozephalie beim ongebuerene Kand ausléisen.