Déi nei EU-Direktiv vu virzejoert iwwer Tubaksproduiten ass gülteg. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg e Mëttwoch de Moien decidéiert.

Fir d'europäesch Riichteren ass deemno vum Mee 2020 un nieft dem Verbuet vu Mentholzigretten an engem Reglementéiere vun deenen elektronesche v.a. d'Vereenheetleche vum Etiquetage zoulässeg.

AUDIO: Europäesche Geriichtshaff zu neier EU-Tubakdirektiv

Et geet an där Direktiv ëm en héijen Niveau vu Schutz vun der mënschlecher Gesondheet an ëm de Respekt vun den Obligatioune vun der Europäescher Unioun, déi aus der Konventiounskader vun der Weltgesondheetsorganisatioun iwwert d'Lutte géint den Tubak ervirginn. Polen a Rumänien haten awer géint de Verbuet vun de Mentholzigarette geklot an England gefrot, ob verschidden Dispositioune vun där Direktiv gülteg wären. Den Europäesche Geriichtshaff huet e Mëttwoch op déi zweet Fro Jo geäntwert an d'Recoure vun den zwee osteuropäesche Länner zeréckgewisen.
 
Wat d'Vereenheetleche vum Etiquettage ugeet, hunn d'Riichteren ënner anerm dat heite festgehalen: Den zukünftege Verbuet, fir op Zigarettepäck Reklamm fir Tubaksproduiten ze maachen, géif engersäits de Verbraucher virun de Risike vum Fëmme protegéieren an anerersäits net d'Grenze vun deem iwwerschreiden, wat néideg ass, fir un dat gewënschtent Zil ze kommen. Den Europäesche Geriichtshaff ass donieft der Meenung, dass zum Beispill d'Regelen, wat zum engen d'Plaz an d'minimal Dimensioune vu Gesondheetswarnungen an zum aneren d'minimal Zuel vun Zigarette pro Pak ugeet, proportionéiert sinn.
 
Den europäesche Legislateur hätt deemno net d'Limite vun deem, wat appropriéiert an noutwendeg ass, iwwerschratt, andeems an Zukunft op all Zigarettepak eng Gesondheetswarnung muss drop sinn; déi besteet dann aus engem Message an aus enger faarweger Foto, déi vir- an hannendrop ronn 2/3el vum Pak ausmécht.