Äthiopien
6,9 Millioune Kondomer wéinst schlechter Qualitéit entsuergt

© AFP
D'Kondomer hätte sollen am Kampf géint Aids an den Asaz kommen.
Wéi de Sender Fana mellt, wieren d'Kondomer, déi an Indien produzéiert goufen, an den Tester an de Laboen duerchgefall.
D'Kondomer hat d'Regierung fir ronn 1,8 Milliounen Euro kaf. Déi Suen hate si aus Spenden vu verschiddenen Organisatioune kritt. Et wéilt een dat Geld awer elo vum Produzent zeréckfuerderen, huet et aus dem Ministère geheescht.
An Äthiopien ginn et eng 1,2 Milliounen Mënschen, déi Aids hunn. Et si ronn 2,4 Prozent vun de Bevëlkerung.
Am meeschte gelies