D'Weltgesondheetsorganisatioun lancéiert elo am Angola an am Kongo eng vun deene bis ewell gréissten Impf-Campagne fir d'Giel-Féiwer ze bekämpfen.

Scho 400 Mënsche wieren den Ament un der Epidemie gestuerwen an iwwer 6.000 hätte sech ugestach. Ronn 14 Millioune Mënsche sollen dofir bannent e puer Woche géint dës Krankheet, déi duerch Mécken iwwerdroe gëtt, geimpft ginn.

An der Haaptsaach d'Bierger an de Gebidder un der 2.600 Kilometer laanger Grenz tëscht deenen 2 Länner, an och d'Awunner vun der kongolesescher Haaptstad Kinshasa sollen dovu profitéieren, erklärt d'Weltgesondheetsorganisatioun.

Virun allem misst een en Ausbroch an der 10-Millioune-Metropole Kinshasa mat all Moyenen verhënneren. Well den weltwäite Stock vun Impfstoff relativ limitéiert ass, gëtt mat engem Fënneftel vun der normaler Dose geschafft, dat géing op alle Fall ee Joer laang Schutz garantéieren.

Giel-Féiwer provozéiert Féiwer, Iwwelzegkeet an Erbriechen an kann duerno duerch Nieren-Versoen déidlech sinn.