Den Hurrikan "Matthew" huet an der Dominikanescher Republik bis elo 9 Doudesaffer gefuerdert.

De Stuerm huet no Informatioune vun den Autoritéiten bal 200 Haiser zerstéiert. Ronn 800 Leit hu mussen a Sécherheet bruecht ginn. Eng 31 Uertschafte si komplett vun der Aussewelt ofgeschnidden.

Do virdrun war de "Matthew" mat extremer Wucht iwwer Haiti gezunn, wou eng sëlleche Leit ëm d'Liewe koumen.

Och d'Südostküst vun den USA ass sech am Gaangen op den Hurrikan ze preparéieren. An de Bundesstaate Florida a South Carolina hunn d'Autoritéiten den Noutstand dekretéiert. Dat gëllt och fir verschidden Deeler vun Giorgia an North Carolina. De "Matthew" kéint d'USA um Weekend erreechen. South Carolina ass sech am Gaangen op d'Evakuatioun vun der Küsteregioun ze preparéieren. Iwwert 1 Millioun Leit si betraff. Den Hurrikan, dee mat enger Wandvitess vun 230 Kilometer an der Stonn bléist, ass dee schwéiersten an der Regioun zanter bal engem Joerzéngt.