51,6 Prozent vun den Europäer sinn ze déck

© AFP (Archiv)
Donieft hunn 2,3 Prozent Ënnergewiicht.
Mat 51,6 Prozent ass iwwer d'Hallschent vun den Europäer ze déck.
Ronn 46% hunn en normaalt Gewiicht an 2,3 % vun de Leit an der EU hunn Ënnergewiicht. Eurostat huet déi Zuelen um Donneschdeg publizéiert.
Ganz staark iwwergewiichteg si knapp 16% vun den Europäer. Lëtzebuerg läit mat 15,6% liicht ënnert der Moyenne. A Rumänien (9,4%) an an Italien (10,7%) gëtt et déi mannsten obèse Leit, Malta huet den héchsten Taux (26%).
Mam Alter hëlt den Taux vun de Leit mat ganz staarkem Iwwergewiicht zou. De Bildungsniveau spillt och eng Roll, seet Eurostat. Leit mat engem méi niddregem Bildungsniveau, sinn däitlech méi déck, wéi déi mat engem héijen.