Adieu anglais?Académie Française zitt wéinst zweesproocheger Carte d'identité viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
Der Académie Française gefält et net, datt nieft dem Franséischen och déi englesch Iwwersetzungen op de Carte-d'identitéë stinn.
© AFP/Archiv/FRANCOIS LO PRESTI

E Fall fir dat héchst Verwaltungsgeriicht. E Cabinet d’avocat huet de Premierminister Jean Castex ugeschriwwen a gefuerdert, fir d’Gesetz iwwert déi nei Carte-d’identitéen ze änneren. Dat mellt déi franséisch Zeitung “Le Figaro” en Donneschdeg.

D’Académie Française verweist an deem Kontext op d’Verfassung, an där festgehale gouf, datt d’Verwaltungssprooch a Frankräich Franséisch ass. En EU-Gesetz gesäit allerdéngs vir, datt den Titel vun enger Carte d’identité op d’mannst an eng weider offiziell EU-Sprooch muss iwwersat ginn. Op den neie Carte-d’identitéen, déi et zanter dem Summer ginn, stinn iwwerdeems och den “Numm” an den “Gebuertsuert” op Englesch drop, allerdéngs an enger méi klenger Schrëft.

Back to Top
CIM LOGO