
Am Mëttelpunkt vum Conseil vun den EU-Ausseministere gouf op en Neits d’Ënnerstëtzung vun der Europäescher Unioun fir d’Ukrain ënnerstrach. D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas:
“D’Ministere ware kloer, andeems se soten, datt d’Ukrain weider der EU hir Top-Sécherheets-Prioritéit bleift an d’Opmierksamkeet fir d’Ukrain wäert net am Sand verlafen.”
Donieft gouf och iwwer weider Schrëtt diskutéiert, fir den Drock op Moskau ze erhéijen. En Enn vum Krich wier net méiglech wa Russland weider méi Sue kritt.
Parallel dozou hunn d’Energieministeren iwwer d’Stabilitéit vun der europäescher Energieversuergung beroden. Am Kontext vu weiderhin héijen Energiepräisser a geopoliteschen Onsécherheete stounge virun allem Mesurë fir d’Verstäerkung vun den Energie- a Stroumnetzer am Fokus. “Europa muss manner ofhängeg vu fossillen Energië wéi Pëtrol a Gas ginn” huet de Lëtzebuerger Energieminister Lex Delles betount.
Och d’Zesummenaarbecht mat Partnerlänner an den Ausbau vun der grenziwwerschreidender Infrastruktur goufen thematiséiert. Grouss konkret Decisioune goufen e Méindeg awer keng geholl. Déi gi sech eréischt beim Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen erwaart, deen en Donneschdeg zu Bréissel ufänkt. Do ginn Theme wéi d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain, d’Situatioun am Noen Osten an d’wirtschaftlech an energiepolitesch Stabilitéit vun Europa weider diskutéiert.
De Lex Delles huet sech iwwerdeems mam esteschen Energieminister getraff, fir e Memorandum of Understanding (MoU) ofzeschléissen. Dësen Accord soll d’Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an Estland am Beräich vun den erneierbaren Energie weider stäerken, besonnesch bei Projeten zu der Wandenergie.