
Dee Reebësch am Amazonasgebitt huet zanter Ufank den 2000er-Jore kontinuéierlech u Widderstandskraaft agebéisst. Bei iwwer dräi Véierel vum Bësch huet d’Fäegkeet nogelooss, sech vu Stéierunge wéi Dréchenten a Bränn z’erhuelen, heescht et an der Etüd vu britteschen an däitsche Fuerscher, déi e Méindeg an der Fachzeitung “Nature Climate Change” verëffentlecht ginn ass.
Den Niklas Boers vum Potsdam-Institut fir Klimasuitten-Fuerschung (PIK) a seng Mataarbechter vun der brittescher Universitéit Exeter haten héich opgeléiste Satellittendate statistesch analyséiert. Ënnersicht gouf d’Verännerung vun der Biomass an d’Produktivitéit am Amazonasbësch. Datt d’Widderstandsfäegkeet noléisst, féieren d’Fuerscher op de Stress duerch d’Ofholzung an d’Bränn zeréck. Den Afloss vum Klimawandel kéint ee bis ewell net eendeiteg feststellen.
“Eng verréngert Resilienz - d’Fäegkeet, sech vu Stéierunge wéi Dréchenten oder Bränn ze erhuelen - kann eng Erhéijung vum Risiko fir d’Ofstierwe vum Amazonas-Reebësch bedeiten”, sou de Boers. “Datt mir an de Beobachtungen esou ee Resilienzverloscht feststellen, mécht engem Suergen.”
Déi aktuell Analys géing bestätegen, datt eng staark Begrenzung vun der Ofholzung, awer och eng Begrenzung vun de globalen Zäregasemissiounen noutwenneg wären, fir den Amazonas ze schützen, sou den Tim Lenton, Direkter vum Global Systems Institute (Exeter/Groussbritannien).
Vun de Fuerscher ass et d’Warnung, datt wann de Kipp-Punkt iwwerschratt géing ginn, da kéint sech e groussen Deel vum Amazonasgebitt an eng Wüüst verwandelen. Wéini esou ee méiglechen Iwwergang kéint geschéien, dat kéint een elo nach net soen, sou de Boers. Wann een en da géing gesinn, wär et warscheinlech ze spéit, fir en nach opzehalen, sou nach de Fuerscher.
Schätzungen no kéint fir d’Erreeche vum Kipp-Punkt e Verloscht vun 20 bis 25 Prozent vun der Bëschfläch am Amazonasgebitt duergoen. Riseg Wüüste kéinten d’Suite sinn a weltwäit kéint et verstäerkt zu Dréchenten an Iwwerschwemmunge kommen.