Keng BlesséierterARD-Studio zu Kiew no russescher Attack deels zerstéiert

AFP, iwwersat vun RTL
Bei de russeschen Attacken an der Nuecht op Kiew gouf och den ARD-Studio an der ukrainescher Haaptstad massiv beschiedegt an deels zerstéiert.
Bei den nächtlichen russischen Angriffen auf Kiew ist auch das ARD-Studio in der ukrainischen Hauptstadt massiv beschädigt und teilweise zerstört worden. Verletzte gab es nicht.
Pompjeeën no den Attacken op Kiew de 24. Mee 2026.
© AFP

Wéi de Westdäitsche Rundfunk e Sonndeg zu Köln matdeelt, wieren d'Maueren an de Koup gefall, ausserdeem wiere Fënstere futti gaangen an d'Technik zerstéiert ginn. Well zum Zäitpunkt vun der Attack keng Mataarbechter am Studio waren, gouf kee blesséiert.

Den ARD-Studio läit am Zentrum vu Kiew. Dem WDR no muss elo fir d'éischt d'Statik vum Gebai gepréift ginn. Berichte wäerten d'Journalisten deemno iwwer "mobil technesch Léisungen an Auswäichméiglechkeeten".

"D'Aarbechtsplaz komplett zerstéiert ze gesinn, ass e Schock", sot den ADR-Studiochef Vassili Golod iwwer d'Attack. Mat Bléck op déi massiv russesch Loftattacken, déi et zanter Jore gëtt, hätt hie "risege Respekt" virun der ARD-Ekipp, sech net aschüchteren ze loossen a weider ze berichten.

Russland huet an der Nuecht op e Sonndeg déi ukrainesch Haaptstad nees massiv mat Dronen an ballistesche Rakéiten attackéiert. Kiew mellt een Doudegen a ronn 56 Blesséierter. Am ganze wieren dobäi 40 Gebaier beschiedegt ginn. Och aner Regioune vum Land waren am Viséier. De Wladimir Putin hat Revanche annoncéiert nodeems d’Ukrain virun zwee Deeg russesch besate Gebidder attackéiert hat.

Back to Top
CIM LOGO