Véier Doudeger an Dosende BlesséierterRussland gräift Ukrain mat Oreschnik-Rakéiten un

AFP, iwwersat vun RTL
Bei erneite massive russeschen Attacken op d'ukrainesch Haaptstad koum och déi atomwaffefäeg Oreschnik-Rakéit an den Asaz.
Russland hat die ukrainische Hauptstadt Kiew in der Nacht mit massiven Raketen- und Drohnenangriffen überzogen - auch die atomwaffenfähige Oreschnik-Mittelstreckenrakete kam dabei zum Einsatz. Kanzler Merz verurteilte dies als "rücksichtslose Eskalation".
Damp iwwer Kiew no russeschen Attacken op d'ukrainesch Haaptstad.
© AFP

Russland huet d'ukrainesch Haaptstad Kiew an der Nuecht op e Sonndeg nees massiv mat Dronen a Rakéiten attackéiert - och déi nei atomwaffefäeg Oreschnik-Mëttelstreckerakéit koum dobäi an den Asaz. Den Autoritéiten no gouf et zu Kiew an der Ëmgéigend véier Doudeger an Dosende Blesséierter. Och den däitschen ARD-Studio zu Kiew gouf massiv beschiedegt.

Moskau hat virdru wéinst enger ukrainescher Dronenattack op déi russesch besat Regioun Luhansk mat Revanche gedreet. An der Nuecht huet Russland dann der ukrainescher Loftwaff no d'Ukrain mat am Ganze 600 Dronen an 90 Rakéiten ugegraff. 549 Dronen a 55 Rakéiten hätte kënnen ofgefaange sinn. Op en Neits koum och déi atomwaffefäeg Oreschnik-Rakéit an den Asaz, wéi de russesche Verdeedegungsminister e Sonndeg confirméiert. Den ukrainesche President Selenskyj hat virdrun eng Attack mat enger Oreschnik-Rakéit op d'Stad Bila Zerkwa an der Regioun Kiew gemellt.

Zu Kiew hunn AFP-Journaliste bis an d'Moiesstonnen ëmmer nees haart Explosiounen héieren. Déi ukrainesch Autoritéiten hu Loftalarm ausgeléist a viru Bränn gewarnt. Dosende Leit hunn an enger Metro-Statioun am Zentrum vun der Haaptstad Stad gesicht.

Wéi de Buergermeeschter vu Kiew, de Vitali Klitschko, e Sonndeg de Moie matgedeelt huet, sinn an der Haaptstad zwee Leit ëm d'Liewe komm. Zwee weider Doudeger gouf et dem Verwaltungschef Mykola Kalaschny no an der Regioun Kiew. Donieft goufen 69 Leit blesséiert. Weider Blesséierter hätt et an de Regioune Charkiw, Tscherkassy an Dnipropetrowsk ginn.

De Klitschko huet erkläert, datt et an all Quartier vun der Stad Schied duerch Attacke ginn hätt. Am Quartier Schewtschenkiwsky gouf deemno eng Schoul getraff an a Brand gesat. An engem Akafszenter, dat gebrannt huet, souze Leit an engem Schutzraum fest. Och den ARD-Studio am Zentrum vu Kiew gouf bei den Attacken deels zerstéiert.

De Selenskyj hat scho samschdes virun enger Attack mat Oreschnik-Rakéite gewarnt an op Geheimdéngschtinformatioune verwisen. D'Oreschnik-Rakéit ass eng atomwaffefäeg Mëttelstreckerakéit, déi mat enger Vitess vun 12.000 Kilometer an der Stonn extrem séier ënnerwee ass, Ziler an 3.000 bis 5.500 Kilometer Distanz erreeche kann an déi potentiell och mat Atomsprengkäpp kéint equipéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO