No der Brandkatastroph zu Crans-MontanaHannerbliwwener vun den Affer konfrontéieren d'Bedreiwer vum Bar

AFP, iwwersat vun RTL
D'Bedreiwer vum Bar "Le Constellation" waren um Wee op d'Geriicht, wéi si vun den Hannerbliwwene vun den Affer konfrontéiert goufen.
© MAXIME SCHMID/AFP

En Donneschdeg ass et zu Sion an der Schwäiz zu emotionalen Zeene komm. Hannerbliwwener vun den Doudesaffer vun der Brandkatastroph vu Carns-Montana hunn de Bedreiwer vun der Bar, an där et zum Feier komm ass, hir Roserei entgéint geschleidert.

De Jaques an d’Jessica Moretti sinn um Wee, fir um Geriicht gehéiert ze ginn, wéi eng zéng Hannerbliwwener vun de Verstuerwenen hinnen op oppener Strooss reprochéieren, hir Kanner respektiv Geschwëster ëmbruecht ze hunn. “Vous avez tué mon grand frère salope, vous comprenez! Regardez-moi dans les yeux, vous avez tué mon frère, ne me touchez pas, vous avez tué mon frère”, jäizt de 14 Joer alen Tobias dem Jessica Moretti entgéint. Säi Brudder, de 17 Joer alen Trystan, war ënner den 41 Leit, déi beim Feier op Neijoerschdag gestuerwe sinn. Och dem Trystan säi Papp fënnt drastesch Wierder: “Ni pardon, ni oubli, mon fils est mort, il a été brulé.”

No der Brandkatastroph zu Crans-Montana
Hannerbliwwener vun den Affer konfrontéieren d’Bedreiwer vum Bar.

De Jaques Moretti huet nach versicht, d’Leit ze berouegen. “On prendra nos responsabilités, on va assumer, on vous le promet, on est là pour la justice”, jäizt hien de Leit entgéint. Ze brénge schéngt et näischt. Um Enn mussen d’Sécherheetsleit vum Geriicht agräifen, fir déi Hannerbliwwen drun ze hënneren, der Koppel an d’Geriichtsgebai eran hannendrun ze lafen.

Back to Top
CIM LOGO