
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et eng Attack am Süde vum Libanon. Sechs Persoune sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Déi staatlech Noriichtenagence NNA huet vun enger israeelescher Loftattack geschwat. En Zenter vun der Défense civile wier getraff ginn. Ënnert den Doudesaffer wieren och dräi Sanitäter.
Doriwwer eraus huet e Spriecher vun der israeelescher Loftwaff weider Attacken am Süde vum Libanon confirméiert. Dem Spriecher no wier et dobäi ëm "Ziler vun der proiranescher Hisbollah-Miliz" gaangen.
D'Noriichtenagence AFP huet gemellt, datt d'Hisbollah nei Dronenattacken op israeelesch Kasären an der nërdlecher Stad Kirjat Schmona no un der Grenz duerchgefouert hätt. D'Stad steet zanter Méint ënner Beschoss.
D'Attacke ware kuerz no der Annonce, datt d'Wafferou tëscht Israel an dem Libanon ëm 45 Deeg verlängert gi wier. D'Wafferou, déi zanter dem 17. Abrëll gëllt, wier eigentlech e Sonndeg op en Enn gaangen.
Eng weider Gespréichsronn fir e richtege Fridde soll den 2. an 3. Juni, ënnert der Leedung vun den Amerikaner, organiséiert ginn. Si haten och elo vermëttelt.