Wéinst Drock vu ChinaTaiwan fuerdert, datt USA zougesote Waffe liwweren

RTL Lëtzebuerg
Trotz dem Accord vum Kongress huet den US-President Donald Trump d'Waffen nach net un den Taiwan ausliwwere gelooss.
D'Skyline vun Taipei gëtt kloer vum Tuerm a sengen 101 Stäck dominéiert.
D'Skyline vun Taipei gëtt kloer vum Tuerm "Taipei 101" a sengen 101 Stäck dominéiert.
© I-HWA CHENG/AFP

Taiwan hält drop, d'USA hätten dem Land Waffeliwwerungen zougesot. Mä den US-President Donald Trump huet no senger Visitt a China dës Woch nach emol kloer gemaach, datt hien de geplangten Waffendeal mat Taipei an der Schwief géif halen. Dat wier e gutt Drockmëttel. Et géif vu China ofhänken, sou de Republikaner. Um Fluch fir heem hat den Donald Trump deklaréiert, hie géif an nächster Zäit eng Decisioun huelen. Konkret geet et ëm Waffen am Wäert vun ëmgerechent ronn 12 Milliarden Euro. De Kongress huet schonn am Januar zejoert säi Feu vert ginn. China dogéint refuséiert esou Waffenaccorden, well et Taiwan fir sech an Usproch hëlt, obwuel d'Inselrepublik onofhängeg ass. De chineesesche Staatschef Xi Jinping hat den Donald Trump en Donneschdeg viru méigleche Konflikter gewarnt sollt d'Taiwan-Fro schlecht geréiert ginn.


Back to Top
CIM LOGO