CopernicusD'Weltmierer erhëtze sech weider

RTL mat AFP
Am Laf vum Abrëll goufen déi zweethéchst Uewerflächentemperaturen iwwerhaapt gemooss.
© ESA

D'Weltmierer erhëtze sech weider. Am Laf vum Abrëll goufen déi zweethéchst Uewerflächentemperaturen iwwerhaapt gemooss, an allen Ozeaner, mat Ausnam vun de Polar-Regiounen. Dat huet Copernicus, de Klimawandel-Déngscht vun der EU, publizéiert. A wäiten Deeler vum tropesche Pazifik goufen de leschte Mount nei Rekordwäerter gemooss.

Iwwer Land gouf et am Abrëll hei an Europa gréisser Ënnerscheeder. Am Südweste war et iwwerduerchschnëttlech waarm. Am Oste besonnesch kal.

Temperatur-Trend fir Ozeaner weist no Uewen

Copernicus no huet d'Duerchschnëttstemperatur vun de Mieresuewerflächen ausserhalb vun de polaren Zonen am Abrëll bal den absolutte Rekord vun 2024 erreecht. D'Wëssenschaftlerin Samantha Burgess vum Europäeschen Zenter fir mëttelfristeg Wiederprevisiounen, zu deem och Copernicus gehéiert, huet der AFP gesot, datt mir nëmmen nach e puer Deeg vun engem neien Temperaturrekord fir de Mee ewech sinn. De Mäerz ass normalerweis dee waarmste Mount weltwäit an den Ozeanen.

Effekter vum El Niño

Hëtztwellen, déi no un déi aktuell Rekorder kommen, si momentan an engem grousse Gebitt am zentrale Pazifik bis bei d'Westküst vun den USA a Mexiko present. El Niño, eng Phas vun engem natierlechen Zyklus am Pazifeschen Ozean, fänkt normalerweis am Fréijoer un a beaflosst d'Wieder, de Wand an d'Temperaturen am Rescht vun der Welt an den nächste Méint. An e puer Regioune féiert dëst zu Dréchenten, wéi an Indonesien, wärend aner Plaze wéi Peru mat stiermesche Reefäll rechne mussen. De leschte groussen El Niño war 2023/2024.

Déi global meteorologesch Organisatioun huet virun engem warscheinleche Retour vum El Niño vu Mee bis Juli gewarnt, well de Géigephenomen La Niña aktuell amgaangen ass, ofzehuelen. Dës Previsioune baséieren op Observatioune vun den Temperaturen am Pazifik.

Potenziell Rekorder 2027

D'Kombinatioun vum natierlechen El Niño mat der duerch de Mënsch verursaachten Äerderwiermung duerch d'Verbrenne vu fossille Brennstoffer, déi CO2 fräisetzen, kéint déi weltwäit Temperature weider an d'Luucht dreiwen. Wéi e puer meteorologesch Agencë viraussoen, kéint den nächsten El Niño méi staark si wéi viru dräi Joer, vläicht vergläichbar mam "Super El Niño" vun 1997/1998.

Den Impakt op déi global Duerchschnëttstemperatur gesäit een normalerweis am Laf vum Joer, nodeems d'Wiederphenomen optrëtt, wat en extrem waarmt Joer 2027 erwaarde léisst. Den Zeke Hausfather, Klimatolog um onofhängegen Institut Berkeley Earth, gesäit 2027 als potenziell méi waarm wéi 2024.

D'Samantha Burgess mengt, datt et nach ze fréi wier, fir d'Intensitéit vum El Niño virauszesoen, well Previsioune vum Fréijoer nach net zouverlässeg genuch sinn. Awer si ass der Meenung, datt den aktuellen El Niño awer däitlech ze spiere wäert sinn. Si gesäit esouguer d'Méiglechkeet, datt 2027 méi waarm gëtt wéi 2024 an dann domadder als dat wäermst Joer iwwerhaapt wäert an d'Geschicht goen.

Extrem Wiederphänomener

Copernicus bestätegt, datt dat arktescht Mieräis sech dëse Wanter nëmme minimal erholl huet, mat Flächen, déi no bei de niddregsten Niveauen iwwerhaapt leien. Weltwäit war den Abrëll 2026 den drëttwäermsten Abrëll, dee bis ewell registréiert ginn ass. Zu den extreme Wiederphänomener am Abrëll gehéieren tropesch Zyklonen am Pazifik, Iwwerschwemmungen am Mëttleren Osten an Asien an Dréchenten am südlechen Afrika. Schwéiere Reen an Iwwerschwemmungen hunn den Iran, Afghanistan, Saudi-Arabien a Syrien getraff. Dobäi si vill Leit ëm d'Liewe komm.

D'Madame Burgess gesäit eng Erhéijung vun extremen Evenementer als Konsequenz vum Klimawandel. Si prognostizéiert, datt Europa dëse Summer mat Temperaturen iwwer dem Duerchschnëtt a manner Nidderschlag wéi normal konfrontéiert wäert sinn, wat Dréchenten an erhéicht Brandrisike begënschtege kéint.

Back to Top
CIM LOGO